Loterie Sport
Rossi
© F.Glänzel
22/08/2024

Ee leschten Tour fir de Valentino Rossi

D‘Legend vum Motorsport ass dëse Weekend zu Valencia de leschte Grand Prix a senger legendärer Karriär gefuer.

Hie war néngmol Weltmeeschter – an dat eleng siwemol a senger Kinneksklass. Weltwäit identifizéierbar duerch d‘Nummer 46, déi elo eng bekannte Mark ass, kann de Sportler houfreg op 25 aussergewéinlech Joren zeréckblécken, déi hien a villen Hisiichte gepräägt hunn.

Domat bedeit dem Valentino Rossi säi Récktrëtt ee Wendepunkt an der Geschicht vum Motorsport.

Hien hat eng Karriär wéi keen aneren – Erfolleger, Rekorder an och Enttäuschungen ewéi bei sengem verpassten Ducati-Openthalt. Ob Honda oder Yamaha, deen Italiener huet der Welt a senger Konkurrenz gewise, wat an him stécht a soumat de Motorsport op en neie Level bruecht. Dozou gehéiere seng legendär Dueller op der Streck géint den Max Biaggi, de Sete Gibernau, den Nicky Hayden, de Casey Stoner an den Jorge Lorenzo.

Natierlech huet seng Dominanz iwwert d‘Joren e bëssen nogelooss, och wann den Alter laang keen Afloss op d‘Performance vum „Il Dottore“ hat, deen am vergaangene Februar säin 42. Gebuertsdag gefeiert huet.

D‘Ierwe vum néngmolege Weltmeeschter sti well am Fuererlager prett. An dat mat ville Piloten, déi a senger Akademie ausgebilt goufen an och de Moto Grand Prix fueren. Dozou gehéieren de Pecco Bagnaia, de Franco Morbidelli a säin Hallefbrudder Luca Marini.

De Valentino Rossi ass mat senger Erfarung fir vill Piloten ee Virbild, esou wéi de Michael Schumacher fir d‘Formel 1 oder den Michael Jordan fir d‘NBA. Si sinn Legenden. Ee Mythos.

Opmaacherfoto: © F.Glänzel

22/01/2026

WRC : Grégoire Munster en pige au Monte-Carl’

07/01/2026

Dakar : Charles Munster confirme le top 10

06/01/2026

Le Rallye Lëtzebuerg au calendrier de la Stellantis Motorsport Rally Cup 2026 !

10/11/2025

WRC : remontada de Munster au Japon

06/10/2025

Dylan Pereira écrase la concurrence, Chester Kieffer champion des rookies

22/09/2025

Linster, Leesch et Kieffer sur les podiums

Restez informés

Abonnez-vous à notre newsletter
Suivez-nous !
Emile Weber
Moien News Médias SARL
15 rue Émile Mark
L-4620 Differdange LUXEMBOURG
Suivez-nous !
Abonnez-vous à notre newsletter