Dans une lettre adressée au Conseil d’Administration de la Fédération Luxembourgeoise de Football, Luc Holtz a tenu à revenir sur son aventure à la tête de l’équipe nationale pendant une quinzaine d’années. Le sélectionneur, avec « un œil qui pleure et un autre qui rit », remercie tout le monde, du président aux supporters, sans oublier les joueurs, son staff et sa famille qui lui aura été d’un soutien sans faille dans les bons comme dans les mauvais moments.
Outre ces remerciements d’usage, le sélectionneur revient sur la couverture médiatique des derniers mois, qui a souvent porté sur l’extrasportif, et qui a parfois pu être « irrespectueuse » envers sa personne, selon ses termes.
Enfin, le coach confirme qu’il remplira son contrat jusqu’au 31 décembre, écartant de facto l’hypothèse que son successeur aurait pu arriver avant la fin du dit contrat pour diriger l’équipe nationale durant ces qualifications qui démarreront en septembre prochain.
Léiwe Präsident,
Léiw Memberen aus dem Conseil d’Administration vun der FLF,
No ärer Decisioun mäi Kontrakt, deen den 31.12.2025 ofleeft, net ze verlängeren, ass de
Moment fir mech komm, fir e puer Wieder lass ze ginn.
Et ass mat engem kräischenden a mat engem laachendem An, wou ech Iech MERCI soen.
15 Joer ass eng laang Zäit an ech hätt mir et net erdreemt esou laang um Poste vum
Sélectionneur vun eiser Nationalequipe ze stoen.
Dat An wou laacht kuckt op 15 erfollegräich Joer zeréck, mat villen Emotiounen, déi nëmmen
de Fussball engem ka ginn .
Et war,an ass fir mech ëmmer eng Éier a Freed gewiescht, eis Lëtzebuerger
Nationalequipe ze trainéieren an ze coachen.
Dat An wou kräischt kuckt virun allem op déi läscht Wochen a Méint zeréck, wou d’medial
Berichterstattung an d’Opmierksamkeet vun der lëtzebuerger Sportspress op aussersportlech
Theme respektiv op Onwourechten a Kritik u menger Persoun loung.
De Sport, de Fussball ass zu Niewesaach ginn, an d’Unerkennung vun der Leeschtung vun de
Jonge steet a stoung absolut net méi am Mëttelpunkt.
Ech soen Iech, Präsident, MERCI fir äert Vertrauen an d’Ënnerstëtzung iwwert all déi Joren.
E grousse MERCI un eis Supporter. Dir waart a sidd eisen 12. Mann. Méi wéi eemol hat ech
Héngerhaut a war oft extreem stolz op Iech. Dir hutt d’Equipe gedroen, ënnerstëtzt a gefeiert.
Jo, ech war a sinn houfreg op déi Symbiose déi tëscht der Equipe an Iech entstan ass.
MERCI virun allem menge Spiller, ob dat 1, 3, 5 oder 15 Joer waren. Ouni ären Asaz, äre
Wëllen an äert Kënnen, hätte mir déi vill Erfolleger net kënne feieren. MERC! An eise Wee ass
nach net ganz fäerdeg. Den Dram vun der WM lieft.
E speziellen MERCI awer u mäin Trainerstaff. Mir waren ëmmer en « Team »! Gedriwwe vun
der Obsessioun d’Equipe an all Spiller eenzel besser ze maachen, hu mir mat vill Kompetenz,
Leidenschaft, Präzisioun an och Häerz eis Equipe op en neie Level bruecht.
Deen allergréissten MERCI gëllt awer menger Famill. Dir waart a sidd ëmmer fir mech do,
hutt mir ëmmer de Réck gestäipt an hutt vill Trauer an Tréine missen a leschter Zäit erliewen a
vergéissenPräsident, ech wäert mäi Kontrakt, dee bis den 31. Dezember 2025 leeft, mat der selwechter
Energie, Motivatioun an Enthusiasmus wieder erfëllen, an de komplette Fokus op déi nächst Quali-Matcher leeën.
Duerno ass dann de Moment ze soen « it’s time to say goodbye ».Ech wënschen Iech an dem Conseil eng glécklech Händche bei der Sich no engem
Successeur, a verbleiwe mat déifstem Respekt an Dank.
Roude Léiw huel Se
Luc HOLTZ
Sélectionneur national du Luxembourg
Mental Médias SARL
15 Rue Emile Mark
L-4620 Differdange LUXEMBOURG