Lacrosse: Luxembourg Blacksmiths kropen sech d‘Championnat

Aus enger batterer Schlammschluecht géint d‘Namur Knights, hunn eis Jongen déi drëtt an decisiv Victoire errongen an esou d‘Liga-Victoire fir sech entscheet

Um Sonndeg huet dat Lëtzebuerger Häre-Lacrosse-Team „Luxembourg Blacksmiths bei widdrege Wiederverhältnisser sech dem Lokal-Rival „Namur Knights“ entgéintgestallt. D‘Knights waren hei eppes avantagéiert, well si mat engem Virsprong vun 2:0 konnte starten. Si haten d‘Team „Oupeye Foxes“, de jéngste Liga-Zougang „Antwerp Armadillos“ geschloen a ware ganz zouversiichtlech.

Bei de Blacksmiths hat et nees eppes Problemer mat de Verfügbarkeeten, konnten awer de Linus Föhr (WM-Goaljeeër vun 2018) reaktivéieren an den neie LacrosseFit-Absolventen #54 G. Rajmohan an de Vollkontakt-Lacrosse aféieren. Bei den Knights huet et un Talenter net gefeelt, doranner de Goal-geféierlechen #10 R. Bouchat. Et war net fir d‘Namur Knights ze ënnerschätzen.

An da war do och nach d‘Spillfeld: dee schlammegen Terrain huet kengem ee Virdeel ageraumt an et war séier kloer, datt een et hei mat enger kierperbetounter Renconter géif ze di kréien. Et léisst ee sech awer näischt umierken a ganz erfreelech war de Constat, d‘Spill huet fir de Spiller-Trainer #G Ritts ganz no Plang ugefaangen. De #7 P. Bingen (1G; 0 A) huet Verantwortung iwwerholl an eis Blacksmiths an der siwenter Minutt a Féierung bruecht. Dat huet dem Géigner net esou gepasst…

Et gouf eppes Widderstand

Dësen huet folgerichteg reagéiert a konnt séier zwee Treffer landen. Si sollten d‘Nues net laang vir hunn. De Spiller #39 K. Giovagnoli (3G; 0 A) huet ausgeglach. Eng wichteg Aktioun, déi betount huet, datt déi Lëtzebuerger och ënner Drock punkte kënnen. Wärend den éischten zwee „Véierel“ hu sech béid Ekippe mat staarke Leeschtungen op Aenhéicht befonnt, dat sollt net esou bleiwen.

Um Enn vum zweete Véierel haten d‘Verdeedgung (#16 B. Swartz 1G; 0A) an déi zwee sougenannt „Shortsticks“ (#35 P. Barbier 1G; 0A an #69 R. Jegen 1G; 0A) wichteg Treffer erziilt an hir Ekipp mat 5:3 a Féierung bruecht. Eng Avance déi sech sollt als ganz wichteg erweisen. Notéiere mir nach, datt déi Lëtzebuerger Zoneverdeedegung, déi gutt opgestallte Knights zolidd bedrängt hunn.

Den #1 L. Föhr huet mat direkt siwe „Paraden“ dem Géigner d‘Moral geholl, leider gouf dem Linus säi „Run“ zu engem neie perséinleche Rekord abrupt gestoppt. Op dem vum Reen duerchweechten Terrain war hien ëmgeknéckst. Wann ee keen Ersatz fir de Goal huet, muss sech ee Spiller dëser Funktioun unzhuelen. Dat huet de Lëtzebuerger Begrënner vum Lacrosse #7 P. Bingen iwwerholl.

D‘Saach mam Bier sengem Pelz

Namur war de Malheur vun de Blacksmiths net entgaangen a si hunn natierlech alles dru gesat, aus dësem Schwongwiessel Kapital ze schloen. Si hu sech dru gemaach den Ausgläich ze erzilen a waren zimlech erfollegräich, si konnten sech am drëtte Véierel op ee Goal bäimaachen. Am leschte Véierel hunn d‘Blacksmiths duerch den zweeten, Goal vum #39 K. Giovagnoli (3G; 0 A) de Sprint vun den Namur Knights ausgebremst. Déi waren awer nach „Fit“ an hunn den Ausgläich hikritt.

Lacrosse
Wéi ee gesäit, wann et viru geet, datt geet awer och richteg virun. D‘Luxembourg Blacksmiths hunn d‘Namur Knights op d‘Plaz gesat, awer esou einfach wéi et sech hei liest, war et net. © Luxembourg Blacksmiths

Et sollt also d‘Entscheedung an der „Overtime“ (Verlängerung) falen. A wann et bis dohinner keng Langweil hat, esou goung et weider hell ewech an dee spannendsten Deel vun der Renconter huet sech ofgezeechent. De gëllene Moment: de Verdeedeger #26 G. Forbes huet dem Ugräifer vun den Knights de Ball „gezoppt“, dësen ass iwwert ee puer Statioune beim #39 K. Giovagnoli (3G; 0 A) gelant, an dësen huet den finalen Treffer gelant. Domadder war d‘Mass gelies a Lëtzebuerg „Chef“.

Mat dëser Victoire erweist sech awer och, datt net nëmmen d‘Liga u sech, vill besser ginn ass, mee och d‘Luxembourg Blacksmiths eng weider positiv Evolutioun Opweises hunn. Den Trainer H. Schmit: „Mir si dankbar, datt mir an dëser Saison schonn esouvill Spiller konnten absolvéieren“. An dat kann een verstoen, well d‘Spillpraxis ass imminent wichteg, besonnesch bezunn op d‘Erfarung.

Den Houfert ass haart erkämpft

Wann ee sech dann d‘Lëscht mat der „Goalgetter“ ukuckt, stellt ee fest, dat dës gutt besat ass. De Goalkeeper vun Namur verzeechent net manner wéi 20 Paraden. Bei de Blacksmiths ass een dann och zu Recht mat sech zefridden. De Mann mam „gëllene Goal“ #39 K. Giovagnoli huet d‘Spill wéi follegt kommentéiert:

„Namur wollt spillen, mir och. Mir hunn eis duerch de Bulli gekämpft, de Linus ënnerwee verluer an ee Goalkeeper iwwerwonnen, deen omnipresent war. Ech kann et kaum erwaarden an ee puer Wochen endlech nees spillen ze kënnen“.

Dës Final vun den 2021er Spiller huet beim Coach Schmidt eppes Erënnerungen opkomme gelooss: „An zwou Woche feiere mir eise fënnefte Jubiläum als Luxembourg Lacrosse. Dat wat eis hei gelongen ass, war dat war mir wollten an näischt wat mir eis 2016 erdreemt hätten. Mir wëllen nach ëmmer dat beschte Spill op zwee Been spillen. Wettbewerbsfäeg Resultater ze gesinn, ënnersträicht datt de Rezeptur déi richteg ass, Dat bescht ass, datt mir dräi Spiller gewonnen hunn an jiddereen aus dem Kader asetze kënnen. Och d‘LacrosseFit-Jongen, wéi de Ganesh.“

Lacrosse ass net nëmmen eng vun de beweegsten an interessantste Sportaarten déi Land ze bidden huet, si och eng mat de jéngsten am Land. Wann och dir eng Erausfuerderung sicht, déi Kierper a Kapp fuerdert, gitt iech emol en Training ukucken a follegt dëser fantastescher Ekipp an de sozialen Netzwierker. Si sichen ëmmer nei Spiller, a freeën sech och iwwer Zuschauer. Kuckt iech et un…

Dernières nouvelles