Ville de Luxembourg Fifa World Cup 2026
Talent
(v.l.n.r.) © Jason Briscoe; © Ayelt van Veen; © Ben Collins (Unsplash
21/08/2024

Feier däin eenzegaartegt Talent!

Jidderee vun eis huet en anert Talent, a genee dat mécht eis all zu eenzegaartegen Individuen. Déi besonnesch Begabungen ginn eis an d’Wéi geluecht a loossen eis iwwerduerchschnëttlech Leeschtungen an engem bestëmmte Beräich erbréngen. Wat ass also Ären Don?

D’Iddi fir den Aktiounsdag, bei deem mir besonnesch houfreg op eist Talent solle sinn, huet seng Wuerzelen an Amerika. Et war nämlech d’Shannon Hurd, dat 2005 an diversen ESPN-Zonen de Rekord vum Football-Schéissen gehalen, an domat als Fra den deemolegen NFL-Quarterback geschloen huet. Domat huet si eng sportlech a motoresch Beschtleeschtung geliwwert.

Presentéiert gouf hiert Talent um Sender CBS Denver a wéi d’Shannon selwer schreift wier si domat bal an der „The Tonight Show“ gelant. Bei engem Football-Spill un Thanksgiving huet déi sportlech Madamm nees gewisen, wat an hir stécht. Hir Mamm huet doropshi just kommentéiert: „Dat ass mengem Meedche säi blöden Hondstrick“. Aus der Situatioun eraus huet d’Shannon schliisslech de Feier-däin-eenzegaartegt-Talent-Dag kreéiert.

Talent
© Dollar Gill / unsplash

Eng ugebuere Ressource, déi een notze sollt

Den Duden beschreift de Begrëff „Talent“ als „eng Begabung, déi een zu ongewéinlechen, bezéiungsweis iwwerduerchschnëttleche Leeschtungen op engem bestëmmten, besonnesch op kënschtlereschem Gebitt befäegt“. Nieft der Konscht sinn et awer och Musek, Technik, Wëssenschaft, Sproochen, Logik, Motorik oder sozial Begabungen, déi een a sech droe kann.

Dobäi ënnerscheet sech en Talent vun enger einfacher Fäegkeet, andeems et ugebuer ass an de gewëssen Hauch u Léift a Passioun schenkt. Bestëmmten Aufgaben fonctionéieren einfach, ouni datt een sech e Potential untrainéiere misst. Natierlech kann a sollt ee säin Talent e Liewe laang virun entwéckelen a perfektionéieren.

A wie weess, vläicht kann ee mat Ärem Talent d’Welt e Stéck besser maachen, e wichtege Beitrag fir d’Gesellschaft leeschten, fir Faszinatioun a Staunen suergen. An hutt Dir Äert Talent nach net fonnt, esou frot Iech emol, wat Iech besonnesch liicht fält an Iech Spaass mécht, awer och wat Äert Ëmfeld iwwert Iech seet. Sech a verschidde Beräicher ausprobéieren ka schliisslech dozou bäidroen, datt ee bemol mierkt „Hei, dat ass et!“.

21/07/2026
Abonné

Walferdange dans la cour des grands

20/07/2026
Abonné

Ettelbrück veut apprendre vite pour durer 

20/07/2026

CDM 2026 – L’Espagne brise le rêve de Messi et s’offre une deuxième étoile mondiale

16/07/2026

Mondorf frôle l’exploit

16/07/2026

Differdange voit rouge et dit déjà adieu à l’Europe

16/07/2026

Differdange, l’Europe ne peut pas déjà s’arrêter

Restez informés

Abonnez-vous à notre newsletter
Suivez-nous !
Donnez votre avis sur DRIBBLE! et recevez un abonnement gratuit à nos magazines
Mental 41
Moien News Médias SARL
15 rue Émile Mark
L-4620 Differdange LUXEMBOURG
Suivez-nous !
Abonnez-vous à notre newsletter