Bannière loterie - coupe du monde
Chrëschtdag
De grousse Profit dierft nees an den Täsche vun de groussen Online-Händler landen, woubäi e puer Grimmelen dierften och d‘Logistiker ofkréien. Fir déi aner hänkt de Profit vun de Covid19-Mesuren of. © Claudio Schwarz / unsplash
21/08/2024

Dat grousst „Geschäft“ mat Chrëschtdag

Et geet a Richtung Chrëschtfest an wéi all Joers bedeit dat fir eng ganz Rei Entreprisen eppes méi Aarbecht… a natierlech och nees Akommes. Wéi bereeden sech dann hei am Land d‘Betriber op de Konsum-Rush vir?

Do sinn engersäits déi grouss Konsumtempel, Supermarchéen an Outlets. Si brauche Personal fir d‘Regaler opzefëllen, am Lager muss et och klappen. Bei den Entreprise wou d‘Liewensmëttel am Mëttelpunkt stinn – dat sinn d‘Bäcker, d‘Metzler an d‘Traiteuren – muss sech och elo op d‘Fest virbereet ginn. Mee et dreet Ongemaach a Form vu méi strenge Mesuren am Covid19-Kontext.

An dann ass do anersäits de groussen Online-Shopping, wou de Liwwerdéngschter zolidd eng wäert ofverlaangt ginn. D‘Post erwaart sech fir November/Dezember d‘Zoustellung vun engen 1,5 Millioune Päck. Dat wier en neie Rekord, an d‘Post ass net eleng. Och bei de „Privaten“ stellt een sech op vill Ausliwwerungen an. Mam Stammpersonal ass dat net wierklech ze meeschteren.

Aus dësem gudde Grond gëtt fir dës Deeg op Aushëllefen an Interimairen zeréckgegraff a Congé wäert éischter keen accordéiert ginn. D‘Liwwerdéngschter gräifen och verstäerkt op sougenannt Soustraitanten zou. Et sollt sech also a punkto Personal a Zousteller iergendwéi opgoen. Et wier awer allen Entreprise wëllkomm, wann d‘Regierung géif Faarf bei de Covid19-Mesure bekennen.

28/08/2026
Abonné

Nico Perez : « J’ai encore la dalle ! » 

26/08/2026
Abonné

La Jeunesse cherche encore son élixir

25/08/2026
Abonné

Élections FLF : Paul Philipp va se représenter, qui pour le concurrencer ?

24/08/2026
Abonné

Strassen et Mondorf, les nouveaux visages du pouvoir

23/08/2026

Differdange met fin à la série du Racing

21/08/2026
Abonné

Dudelange : le déclassement sans fin ?

Restez informés

Abonnez-vous à notre newsletter
Suivez-nous !
Mental+
Sports guide 2026
Moien News Médias SARL
15 rue Émile Mark
L-4620 Differdange LUXEMBOURG
Suivez-nous !
Abonnez-vous à notre newsletter