D’Iddi fir den Aktiounsdag, bei deem mir besonnesch houfreg op eist Talent solle sinn, huet seng Wuerzelen an Amerika. Et war nämlech d’Shannon Hurd, dat 2005 an diversen ESPN-Zonen de Rekord vum Football-Schéissen gehalen, an domat als Fra den deemolegen NFL-Quarterback geschloen huet. Domat huet si eng sportlech a motoresch Beschtleeschtung geliwwert.
Presentéiert gouf hiert Talent um Sender CBS Denver a wéi d’Shannon selwer schreift wier si domat bal an der „The Tonight Show“ gelant. Bei engem Football-Spill un Thanksgiving huet déi sportlech Madamm nees gewisen, wat an hir stécht. Hir Mamm huet doropshi just kommentéiert: „Dat ass mengem Meedche säi blöden Hondstrick“. Aus der Situatioun eraus huet d’Shannon schliisslech de Feier-däin-eenzegaartegt-Talent-Dag kreéiert.
Den Duden beschreift de Begrëff „Talent“ als „eng Begabung, déi een zu ongewéinlechen, bezéiungsweis iwwerduerchschnëttleche Leeschtungen op engem bestëmmten, besonnesch op kënschtlereschem Gebitt befäegt“. Nieft der Konscht sinn et awer och Musek, Technik, Wëssenschaft, Sproochen, Logik, Motorik oder sozial Begabungen, déi een a sech droe kann.
Dobäi ënnerscheet sech en Talent vun enger einfacher Fäegkeet, andeems et ugebuer ass an de gewëssen Hauch u Léift a Passioun schenkt. Bestëmmten Aufgaben fonctionéieren einfach, ouni datt een sech e Potential untrainéiere misst. Natierlech kann a sollt ee säin Talent e Liewe laang virun entwéckelen a perfektionéieren.
A wie weess, vläicht kann ee mat Ärem Talent d’Welt e Stéck besser maachen, e wichtege Beitrag fir d’Gesellschaft leeschten, fir Faszinatioun a Staunen suergen. An hutt Dir Äert Talent nach net fonnt, esou frot Iech emol, wat Iech besonnesch liicht fält an Iech Spaass mécht, awer och wat Äert Ëmfeld iwwert Iech seet. Sech a verschidde Beräicher ausprobéieren ka schliisslech dozou bäidroen, datt ee bemol mierkt „Hei, dat ass et!“.
Mental Médias SARL
15 Rue Emile Mark
L-4620 Differdange LUXEMBOURG
m : moien@mental.lu