Verfassungsreform: Et wäert kee Referendum ginn

Am Oktober 2021 huet en Aktiounskomitee d’Revisioun vum Kapitel VI. vun der Lëtzebuerger Verfassung gefuerdert. Fir e Referendum wieren op mannst 25.000 Ënnerschrëfte gebraucht ginn. Allerdéngs si just 7.397 valabel Ënnerschrëfte zesummekomm.

D’Demande vum Initiativekomitee gouf Enn Oktober 2021 vum Premierminister Xavier Bettel fir zoulässeg erkläert. Vum 19. November bis den 20. Dezember goufe schliisslech an de Gemengen Lëschten opgehaangen, op deenen d’Wieler hir Ënnerschrëft konnten hannerloossen an domat fir eng Volleksbefroung stëmmen. Dëse Referendum hätt esou den zweete Vott vun der Chamber ersat.

D’Zil vum Initiativkomitee war et d’Verfassung ze moderniséieren. An enger éischter Etapp hätt ee sech wëllen der Justiz zouwennen. Allerdéngs ass dës Demande mam mëssgléckte Referendum zeréckgewise ginn.

Am Géigesaz dozou konnt d’Petitioun N°2007 vum Gérard Koneczny mam Titel ‘E Referendum iwwert ons Verfassungsreform’ ganzer 18.645 Ënnerschrëften, an domat wäitaus méi wéi dé ibenéidegt 4.500 Ënnerschrëfte kréien. Heibäi huet den Auteur sech beispillsweis op d’Reform vun der Monarchie an och d’Rechter vu Famillen an hire Kanner.


Annexe:

Dernières nouvelles