LU-ALERT: Nees en Test vum nationale Warnsystem

Um haitegen Dag gëtt, respektiv gouf den nationale Warnsystem nees getest. Heibäi gi landeswäit net nëmmen d‘Sirenen op hir Funktionalitéit gepréift, mee mëttlerweil och Aläerte per SMS an e Message op der Applikatioun GouvAlert geschéckt.

An dësem Kader gëtt drop higewisen, datt et eng Aktualiséierung vu GouvAlert kann installéiert ginn.

Wärenddeem erhält d‘Populatioun an de Gemengen Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng a Suessem d‘SMS mat der Noriicht „LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: MINT.PUBLIC.LU“.

Dëse Message erhält net jiddereen zum gläichen Zäitpunkt. Äntweren soll een net drop. Perséinlech Donnéeën ginn net gesammelt.

Den nationale Warnsystem duerch Textnoriichten um Handy ze ënnerstëtzen, soll dobäi och d‘Resilienz vun der Bevëlkerung stäerken an esou am Eeschtfall wichteg Informatiounen vermëttelen. 

Wien Umierkungen an/oder Verbesserungsvirschléi huet, kann dës dem Inneministère iwwert d‘Mail-Adress lu-alert@mi.etat.lu matdeelen.

Dernières nouvelles