Nei Zuchlinn Lëtzebuerg-Beetebuerg soll bis 2026 ugeschloss sinn

Mat der neier Zuchlinn Lëtzebuerg-Beetebuerg, déi sech op 2 weidere Spueren iwwer 7 Kilometer zitt, soll souwuel de Passagéier- wéi och de Wuerentransport verbessert ginn. D’Aarbechten un de Schinnen a Garen lafen. Wéi et mat den Aarbechte viru geet hunn de François Bausch, Vize-Premier an Transportminister an d’Membere vun der Generaldirektioun vun der CFL gëschter erkläert.

Zanter 2005 notzen ëmmer méi Leit den Zuch als Transportmëttel, tëscht 2003 an 2019 gouf e Plus vun 88% bei de Schinnenaktivitéite festgehalen. Aktuell fueren all Dag 1.000 Zich an 90.000 Passagéier ginn den Dag gezielt. Domat kënnt d’Netz u seng Grenzen a muss ausgebaut ginn.

Nei Zuchlinn Lëtzebuerg-Beetebuerg

Am Joer 2015 huet de Grupp CFL dofir seng nei Strategie virgestallt, bei där sech och de Besoinen vun der Zukunft soll ugeholl ginn. Dozou gehéiert beispillsweis den Ausbau vun der Stater Gare, wou am Dezember zwee nei Quaien an d’Passerell ageweit gi sinn.

Fir den Domino-Effekt beim Erafueren, respektiv der Sortie aus der Gare ze verhënneren, soll all Zuch säi Gleis kréien an d’Kräize vun de Maschinne evitéiert ginn. Esou kéint een nämlech, besonnesch zu Spëtzenzäiten, Verspéidungen ëmgoen.

Ma, tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg zirkuléieren d’Zuchlinnen 60 (Lëtzebuerg – Esch/Uelzecht – Rodange) an 90 (Lëtzebuerg – Beetebuerg – Thionville). Bis 2026 soll déi nei Linn Lëtzebuerg-Beetebuerg un d’Stater Gare ugeschloss ginn. Dofir muss sech awer nach esou munches doen.

Zum engen mussen d’Aarbechten un der Partie Süd vun der Stater Gare ofgeschloss ginn. Zum anere muss en neie Quai mat zwee weidere Gleiser op der Gare um Houwald entstoen, fir datt d’Zich sech net kräizen.

Bis ewell goufen d’Preparatiounsaarbechten (z.B. den Deplacement vun enger Héichspannungsleitung vun 220 kV, sou wéi Ausgruewungen) realiséiert. Um Niveau vum Génie Civil si 4 vun 8 Bauten ofgeschloss ginn. Bei de verbleiwende 4 Punkten gëtt aktuell un 2 Stéck geschafft, wouvunner ee Chantier laanscht d’A3 verleeft an déi nei Zuchbréck aschléisst.

Och d’Aarbechten un de Plattforme vun de Gleiser op engem groussen Deel vun der Streck sinn amgaangen. Allerdéngs gouf et duerch mangelnd Viraussiicht Verspéidungen, dat ënnert anerem duerch de Passage fir Wëlldéieren, Materialmangel an den Afloss vun der Pandemie.

Nei Zuchlinn Lëtzebuerg-Beetebuerg
Presentatioun vun de Fortschrëtter vun der neier Zuchlinn Lëtzebuerg-Beetebuerg

De Minister Bausch bleift zouversiichtlech an ass houfreg op d’Aarbechten vun der CFL, déi bis ewell realiséiert konnte ginn. Hien ass sech bewosst, datt et sech ëm e komplexe Projet handelt, weess awer och, datt mam Ofschloss vum Projet a Saache Qualitéit e grousse Sprong no vir gemaach gëtt.


Annexe:

Dernières nouvelles