Luxembourg Tour: Den éischte groussen Tournoi mat „League of Legends“

Nodeems „League of Legends“als beléifte Spill ëmmer erëm bei de POST Esports Masters vertruede war, kritt d’Kreatioun vu Riot Games an dësem Joer säin eegenen nationalen Tournoi. Mat „Luxembourg Tour“ erhalen Lëtzebuerger Gamer an Esportler d’Chance, sech de Wee an d’Elite Series ze erkämpfen.

Wie sech nämlech beim nationale Championnat duerchsetzt, gewënnt net nëmmen 5.000 € Präisgeld, mee wäert uschléissend géint déi bescht Ekippe vum Belgian Tour an dem Dutch Tour untriede kënnen. Mat vill Geschéck a Kënnen geet et da virun an der grousser Meeschterschaft am Benelux-Raum.

Interesséiert Gamer sollte sech nach schnell bis spéitstens den 1. Februar 2022 aschreiwen. Déi éischt Qualifikatiounsphas huet nämlech scho gëschter ugefaangen. Bei all Phas ginn et Punkten, woubäi just déi 6 Ekippe mat de meeschte Punkten herno um „Luxembourg Tour“ deelhuelen dierfen.

Weider Informatiounen zum „Luxembourg Tour“ an all Detailer zur Aschreiwung fannt Dir op luxembourgtour.beneluxcircuit.lol.

Dernières nouvelles