Emotional, humorvoll a real: De Film „Wunderschön“ beréiert!

An dëser däitscher Komedie mat dramateschen Ofschnëtter treffen ënnerschiddlech Liewenssituatiounen, Generatiounen an Dreem openeen. Si all hänken am Endeffekt zesummen a weisen wéi een Drock duerch (Schéinheets)Idealer vun der Gesellschaft entstinn. Dës Fraen a Männer sinn op der Sich no Zefriddenheet, verléiere sech dobäi awer bal selwer.

Esou hu mir eng Mamm vun zwee Kanner, déi mat hirem Kierper onzefridden ass a wou d’Bezéiung ëmmer méi auserneen geet. Mir gesinn hir bescht Frëndin, déi hirem Ëmfeld gäre Courage mécht, dat ënnert anerem och an hirem Beruff als Schoulmeeschtesch. Hire Schüler bréngt si bäi, wéi een duerch dat Äussert getäuscht ka ginn a wéi wichteg de Charakter an déi perséinlech Stäerkte sinn. Si selwer huet allerdéngs Problemer eng Bezéiung anzegoen, obwuel hiren neie Kolleeg sech all Méi gëtt si ëmzestëmmen.

Mir léieren eng vun hire Schülerinnen kennen, dat duerch säin Iwwergewiicht a seng schei Aart vill ze oft ofgestempelt gëtt. Seng grouss Passioun läit am Baseball, wou et jidderengem beweise kann, wat an ëm stécht. Ma, dann hu mir nach e jonkt Meedchen, dat, fir säin Dram Model ze ginn, bal erhéngert an allerlee Substanzen era schmäisst, fir ofzehuelen. Dobäi gehéiert och seng Mamm zu de Protagonistinnen. Tëscht hirem Mann an hir ass d’Loft eraus, an all Versuch sech nees méi no ze kommen, scheitert.

Jidderee vun eis fënnt sech an dësem Film iergendwéi erëm. Et kritt een de Spigel virun d’Nues gehalen an op beréierend Aart a Weis gewisen, datt ee mat senger Situatioun net eleng ass. Datt ee fir säin eegent Gléck antriede muss, amplaz sech u gesellschaftlech Idealer ze klameren.

De Film „Wunderschön“ ass dobäi weder kitscheg, nach monoton. Grouss Iwwerraschunge ginn et keng, an awer gëtt et engem als Spectateur kee Moment langweileg. Op ënnerhalsam Aart a Weis léiere mir, eis selwer ze hannerfroen. Wat bedeit Schéinheet an Zefriddenheet eigentlech? Wat fir eng Bedeitung hëlt et a mengem Liewen an? Wëll ech fir mäin eegent Wuel antrieden oder dach an d’Norm passen, respektiv engem Ideal nolafen an dofir mech selwer onglécklech maachen?

Als Regisseurin, awer och virun der Kamera kann d’Karoline Herfurth mat dësem Wierk nees d’Häerze vun der Ëffentlechkeet erueweren. Mat dobäi sinn och bekannte Gesiichter wéi d’Emilia Schüle, d’Martina Gedeck, d’Nora Tschirner an de Friedrich Mücke.

Dernières nouvelles