Weltkriibsdag: Zesummen déi richteg Wierder fannen

D’Diagnos Kriibs ass wuel fir jiddereen e Schock. Ass dëse bis verdaut, kënnt d’Fro op, wéi ee senge Léifsten vun der Krankheet erziele soll. Am Kader vum haitege Weltkriibsdag huet d’Fondation Cancer d’Campagne „Driwwer Schwätzen“ lancéiert. Patienten an hiert not Ëmfeld kënnen hei hir Erfarungen deelen.

„Vill Patienten déi Kriibs hunn, ginn un all Kontakt mat enger Partie vun hire Léifsten verluer ze hunn nodeems si hir Krankheet annoncéiert a mam Traitement ugefaangen hunn. D’Ëmfeld selwer ka sech hëlleflos fillen an traut sech net no Neiegkeeten ze froen, aus Angscht net ze wëssen wat soen“, sou d’Barbara Strehler, Psycho-Onkologin bei der Fondation Cancer.

Well de Betraffenen iwwerhaapt iwwert seng Krankheet schwätzen? Wéi kann een nofroen, ouni deejéinegen ze blesséieren a senger schwéierer Situatioun? Wéini a wéi soll ee senge Léifsten vun der Diagnos erzielen a wéi gi si domat ëm? Dës a vill weider Froe stelle sech déi Betraffen, hir Famill a Frënn.

Ëmsou méi kann et hëllefen seng Erfarungen ze deelen a gläichzäiteg ze weisen, datt anerer net eleng sinn. Et ka Courage bidden an opweisen, wéi aner Persoune gären driwwer geschwat hunn. Wéi eng Wierder hu gutt gedoen? A wéi eng Aussoen hunn gewisen, datt een Ënnerstëtzung bidde wäert?

Weltkriibsdag

„Close the care gap – Fir eng méi gerecht Fleeg“

Nodeems de Weltkriibsdag am Februar 2000 um Paräisser Sommet géint Kriibs an d’Liewe geruff gouf, ass den internationalen Aktiounsdag 2006 eng éischte Kéier vun der Internationaler Vereenegung géint Kriibs (UICC), der Weltgesondheetsorganisatioun an aneren Organisatiounen duerch weltwäit Aktioune lancéiert ginn. Zil ass et d’Preventioun, d’Fuerschung an d’Behandlung vun dëser uerger Krankheet, déi vill verschidde Formen unhuele kann, an d’Bewosstsinn vun der Ëffentlechkeet ze réckelen.

An dësem Joer bezitt ee sech op d’Ongläichheeten, déi nach ëmmer beim Traitement bestinn. Esou erkläert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert, datt een d’Situatioun analyséieren muss, oppe soll sinn an innovativ Léisunge wielen soll, fir esou d’Qualitéit an d’Accessibilitéit an der Fleeg zu Lëtzebuerg verbesseren.

Ma, am Joer 2020 kruten 2,7 Millioune Mënschen an der EU hir Diagnos. Eleng zu Lëtzebuerg ginn et all Joer ëm 3.000 nei Fäll vu Kriibs. Fir Schlëmmeres ze verhënneren an esou fréi wéi méiglech mam Traitement unzefänken, si reegelméisseg Ënnersichungen essentiell. Beim Depistage geet et dorëm, de Kriibs ze entdecken, ier ee Symptomer kritt.

Zu Lëtzebuerg erhale beispillsweis Fraen tëscht 50 a 70 Joer all zwee Joer eng Invitatioun fir an d’Mammografie ze goen. Änlech ass et fir den Depistage vum Daarmkriibs: Männer a Fraen tëscht 55 a 74 Joer ginn all zwee Joer agelueden e Blutttest, respektiv am Eeschtfall eng Daarmspigelung maachen ze loossen.

Dernières nouvelles