Upassunge bei de Linnen 682 a 686

Opgrond vun der sanitärer Kris si verschidden Operateure vum RGTR-Reseau gezwongen hir Fuerpläng unzepassen. Aus dësem Grond ginn et bei der Linn 682 a 686 folgend Ännerungen:

  • Vum 24. bis den 28. Januar 2022 inclus: De leschten Tour vun der Linn 682 um 20:30 Auer vu Klierf op Helzen entfält;
  • Den 30. Januar 2022: D’Linn 686 (Ëlwen – Sankt Vith) fiert deen Dag guer net.

Bei weidere Froen kann een sech un Mobiliteit.lu wennen. Uspriechpersoune si vu Méindes bis Freides (tëscht 7 an 19 Auer) sou wéi Weekends an u Feierdeeg (vun 9 bis 16:30 Auer) iwwert d’Telefonsnummer 2465 2465 erreechbar.

Dernières nouvelles