Twitter-Diplomatie fir eng illegal Demo (Kommentar)

Datt de Premierminister Xavier Bettel (DP) eng vun den „Zilscheiwe“ vun den diverse Beweegunge géint d‘Covid19-Mesuren ass, ass wuel verständlech. Wann et awer mangels Argumenter a Fakten ausaart, an ee wéi zu Zäite vum Klëppelkrich, mat Fakelen a Mëschtgreefer virun d‘Haiser zitt, dës mat Eeër bewerft an niewebäi Autoe vandaliséiert, da kann engem den Hutt héich goen.

Ob et dann awer ubruecht ass, sech via Twitter ze positionéieren? Eng Meenung dozou ka sech nëmme maache wien den Thread vum Xavier Bettel gelies huet. Datt de Staatsminister hei Twitter beméit fir Positioun ze ergräifen, huet allerdéngs de grousse Virdeel, datt een och d‘Reaktiounen op säi Statement direkt opgräife kann. Do huet et vun allem, an och de „Plagiat“ gëtt nees ernimmt.

D‘Propose beispillsweis, weiderhin all Mënsch, op geimpft, geheelt oder eben ongeimpft ze testen, ass, bezunn op de Fakt, datt d‘Impfung keen Infektiounsschutz am eigentleche Sënn ass, mee hei den Zweck erfëllt ee schwéieren, also aarbechtsintensive Krankheetsverlaf, ze verhënneren, ass net verkéiert. Richteg: dat ass richteg komplizéiert a kascht masseg Geld. Sollt et eis dat Wäert sinn?

Twitter-Diplomati

U sech schonn, woubäi jo déi eigentlech Zilsetzung vun der Regierung op der Impfung geleeën ass, an hei net zu onrecht befiercht gouf, datt esou laang wéi ee sech teste loosse kann, d‘Leit weiderhi gebrauch vun hirem „Choix“ maachen. Ee Choix dee wuel vun der Politik an de Raum gestallt ginn ass, awer eigentlech just rhetoresch war. Blöd wann de Bildungsniveau dës Analys hei net zouléisst.

Firwat dann net déi Instrumenter wou et huet an de leschten 18 Méint de pandemeschen Ëmstänn ugepasst goufen, bleift onverständlech. Eng Reform vum Pandemiegesetz ass souwisou dréngend erfuerderlech, mee och eng Impfflicht hätt deem ganze Gestreits betreffend de Choix – egal op elo richteg oder falsch – op d‘Spréng gehollef. Jo d‘Leit wieren och doriwwer zolidd veriergert…

Elo awer verhäerten sech d‘Fronten, d‘Discourse ginn ëmmer méi radikal an droleg Personnagen, deene ganz offensichtlech just de Broch vun der sozialer Kohesioun am Land wichteg ze si schéngt, ergräifen de Féierungsusproch vun dëse schonn eppes disparate Mouvementer. An et huet nach vill aner Krisen, déi net mat engem Vaccin ze léise sinn. Et gëtt Zäit sech endlech ze besënnen…

Dernières nouvelles