TotalEnergies an déi elektresch Zukunft

D‘Societéit TotalEnergies huet Ufank Oktober hir nei Offer fir de professionelle Beräich virgestallt, duerch déi hir Clienten bei der energetescher Transitioun begleet ginn. Passend dozou gouf dës Woch d‘Charta „Initiativ Stroum beweegt – Elektresch an d‘Zukunft“ ënnerschriwwen.

Vun der Planung vum Projet, iwwert d‘Installatioun an d‘Uschalte vun den Opluetstatiounen, hin zur Iwwerwaachung an der Maintenance solle besonnesch Entreprisen an hir Mataarbechter um Wee zur Elektromobilitéit ënnert d‘Ärem gegraff kréien. Dobäi ass virgesinn, datt op de Firmeparkingen genuch Statioune virhande sinn an d‘Mataarbechter och doheem – onofhängeg dovun ob si zu Lëtzebuerg oder an engem Nopeschland residéieren – hiert privat Elektrogefier respektiv de Firmewon mat Stroum fidderen kënnen.

Zousätzlech gëtt d‘Multi-Energie-Kaart ugebueden, duerch déi de Client op déi 200.000 ëffentlech europäesch Bornen vum TotalEnergies Reseau an déi national Chargy-Statiounen zeréckgräife kann.

Enn Mäerz 2021 gouf „Initiativ Stroum beweegt – Elektresch an d‘Zukunft“ presentéiert. Heivir hu sech de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, de Ministère fir Energie a Raumentwécklung, sou wéi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten zesummegedoen, a bei myenergy no Ënnerstëtzung gefrot. Zil ass et, gemeinsam mat verschidden Acteuren d‘Elektromobilitéit en d‘Dekarboniséierung virunzedreiwen.

Mam Ënnerschreiwe vun der Charta verflicht de jeeweilegen Acteur sech e konkrete Projet oder konkret Moossnamen ze entwéckelen, Engagement ze weisen an d‘Entwécklung vum Maart vun der Elektromobilitéit ze ënnerstëtzen. Am Géigenzuch dozou erhale si den offizielle Label vun de Ministèren.

De Patrick Schnell, Generaldirekter vun TotalEnergies zu Lëtzebuerg weist sech immens houfreg, de professionelle Beräich bei dësem Wandel begleeden ze kënnen an esou e Beitrag zur CO2-Neutralitéit bis 2050 bäizedroen.


Zu Lëtzebuerg huet d‘Societéit e Reseau vu 44 Statiounen. Nieft dem Kraaftstoff kann een hei och weider Produiten fir sech an/oder d‘Gefier kafen, a vun den 19 Wäschanlage profitéieren. Iwwer 400 Mataarbechter ginn doduerch beschäftegt.

Dernières nouvelles