Schoulen an Eltere warne viru Squid Game

Kanner spille brutal Spiller an der Paus

Déi südkoreanesch Serie Squid Game vun der Streamingplattform Netflix, suergt fir de Moment fir vill besuergte Gespréicher. D‘Serie ass nämlech net nëmmen an de Medien een Thema, mee och a sou munchem Schoulhaff.

An der Serie geet et ëm knapp 500 Persoune (mat Scholden), déi ënnert extremen Existenzängscht leiden. An dat ass de Grond, datt si eng ominéis Aluedung kréien. Dobäi musse si bei Kannerspiller géintenee spillen an am beschte gewannen. D‘Verléierer ginn nämlech ouni ze zécken mam Dout bestrooft. Wien iwwerlieft gewënnt ee Präisgeld am Gesamtwäert vun 33 Milliounen Euro. D‘Serie, déi aus néng Folge besteet, ass nawell zimmlech brutal. Villäicht mécht dat e groussen Deel vun hirem Succès aus. Dës weidere leie selbstverständlech déi ënnerschiddleche Gesellschaftsschichten am Fokus.

Netflix recommandéiert d‘Serie net fir näischt ab 16 Joer, ma am haitegen Zäitalter ass et relativ einfach, anzwousch anescht Ausschnëtter ze fannen, déi dann erëm den Tour am Schoulhaff maachen. Ma dat huet fatal Folgen. Den emotionale Kick an d‘Wëssen, datt d‘Kucke verbueden ass, mécht d‘Serie duebel esou interessant. Dobäi gëtt eng Grenz iwwerschratt, déi nawell psychesch Folge kann hunn. Videoe kucken, gëtt net nëmmen eng Muttprouf – et ass ee Gemeinschaftserliefnis. Zemools déi extrem Contenue suerge fir genuch Gespréichsstoff. Jiddweree wëll säi Pefferkär dobäileeën, fir dozou ze gehéieren.

Wéi kann een säin Kand schützen?

Duerch eng gewalthalteg Serie mutéiert d‘Kand net direkt zum Monster. Et ass gutt mam Kand iwwert d‘Handlung an déi domat verbonne Gefiller ze schwätzen. Erkläert Är Suergen a Bedenken, eng gutt Basis ass dat Wichtegst. Et ginn och Kanner, déi sech eleng duerch de sougenannte Gruppenzwang mat der Serie beschäftegen. Ma si sinn frou, wann d‘Elteren agräifen an d‘Weiderkucke verbidden. Wa Kanner um Schoulhaff Squid Game-Spiller nospillen, soll dëst ouni kierperlech Gewalt oder Bestrofung passéieren.

Eng weider Iddi ass et, de Kanner een eegenen Account op Netflix anzestellen an drop festzeleeën, op wéi eng Contenuen zeréckgegraff ka ginn. Och hei ass d‘Kommunikatioun d‘Zauberwuert. Schwätzt oppen iwwert seng Ängschte. Huelt d‘Kand eescht an iwwerleet Iech zesumme Bewältegungsstrategien.

Illustratioun: © Jonas Augustin / unsplash

Dernières nouvelles