Sarah Bosetti: „Ech hunn näischt géint Fraen, du Houer!“

Donneschdes, den 3. Februar 2022 um 19:30 Auer an der Kulturfabrik

D’Sarah Bosetti ass eng Erfindung vu sengen Elteren. Zanter 1984 ass hatt present, hallef Mënsch an hallef Fra, huet als éischt Filmregie zu Bréissel studéiert an ass dunn op Berlin geplënnert, wou si sech zanterhier an de Spotte vu Lies- a Kabaretsbünen wiermt, fir esou Heizkäschten ze spueren.

2019 krut si de Kabarettistinnepräis WDR Forst Ladies, 2020 de Salzburger Stier an 2021 den Däitsche Kleinkunstpreis. Säit 2020 schreift a presentéiert et beim ZDF säin Onlineformat „Bosetti will reden!“.

Nieft reegelméissege Gaaschtoptrëtter bei extra3, Die Anstalt, der ARD Ladies Night an de Mitternachtsspitzen ass si Kolumnistin bei radioeins (RBB) a WDR2, an tourt mat hirem Soloprogramm „Ich hab nichts gegen Frauen, du Schlampe!“ duerch Däitschland. D’Buch mam selwechten Numm ass 2020 am Rowohlt Verlag erauskomm.

Den 3. Februar presentéiert d’Sarah Bosetti genee dëst satirescht Wierk an der Escher Kulturfabrik. Weider Detailer an Tickete kritt Dir op kulturfabrik.lu.

Dernières nouvelles