Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor! 

Bekannt als US-amerikanesche Schauspiller konnt de Robin Williams virun allem als lëschtegen a sensibele Charakter d’Filmwelt iwwerzeegen. Fir seng Roll am Film „Good Morning, Vietnam“ konnt hie souguer 1987 ee Golden Globe, sou wéi een Oscar gewannen. Um haitegen 21. Juli kéint den Acteur säin 71. Gebuertsdag feieren…

Am Joer 1951 ass de Robin Williams nämlech zu Chicago gebuer ginn. Schonn zu senger College-Zäit ass de spaassege Kärel als Stand-Up-Komedien opgetrueden. No sengem Studium a Politikwëssenschaften huet hien 1977 op Theaterwëssenschafte gewiesselt a beim John Houseman un der Juillard School Schauspillcoursen besicht.

Mat sengen éischte klengen Optrëtter an Fernseh-Serien, wéi beispillsweis „Happy Days“ ass hien esou gutt ukomm, datt de Publikum eng eege Show mam Acteur wollt. Am selwechte Joer, also 1978, huet hien och d’Dänzerin Valerie Velardi bestuet – d’Koppel krut 5 Joer drop zesummen ee Kand.

Trotz groussem Flop vu sengem Film „Popeye“ ass 1987 de grousse Succès fir de Williams komm. Mat senger Roll als DJ bei der Arméi konnt hie bei „Good Morning, Vietnam“ op ganzer Linn iwwerzeegen a bedeitend Präisser gewannen. De berufflechen Erfolleg sollt allerdéngs d’Privatliewen iwwertrompen: Just e puer Méint méi spéit huet d’Koppel sech scheede gelooss.

Fir den US-amerikaneschen Acteur ass d’Liewe weider gaangen. Seng grouss Léift huet hie schliisslech am Kannermeedche Marsha Garces fonnt. No hirem Bestietnis 1989 sinn si Eltere vum klenge Cody a Zelda ginn. Mee och an der Karriär ass et ee grousse Schrack viru gaangen. Mam Film „Der Club der toten Dichter“konnt de Williams nees een Oscar akasséieren.

Mat sengem besonneschen Talent, fir mat enger kanneresch-komescher, ergräifender an awer och seriéis hannerluechter Aart a Weis seng Rollen ze verkierperen, konnt hien och an de kommende Joren d’Filmer ganz wäit no vir bréngen. Seng Fans hate schliisslech immense Gefale fonnt u sengen Optrëtter bei ënnert anerem „Hook“, „Flubber“ oder och „Nachts im Museum“.

Een trauregt Enn

Um 23. Oktober 2011 koum dunn mam Susan Schneider Fra Nummer 3. A senge leschte Joren huet si zu de wéinege Persoune gehéiert, déi seng déifst Gefiller a Gedanke kannt hunn. No der Parkinson-Diagnos ass de legendäre Schauspiller schliisslech schlëmmen Depressioune verfall.

Seng Witfra erzielt: „Hien huet iwwer Verdauungsproblemer geklot, Schwieregkeete beim Urinéieren, Insomnie a Gerochsverloscht. Dunn huet hien nach ee chronescht Zidderen an der lénker Hand entwéckelt.“ Nodeems d’Symptomer 2013 ugefaangen hunn, wousst keen esou richteg, wat de Williams huet. Beim Dréi vun „Nachts im Museum“ konnt hien an der Roll zwar seng eege Gefiller verstoppen, seng Fra verréit awer: „Hie louch all Dag kräischend a mengen Äerm. Et war schrecklech. Hie sot: Cherie, ech kann net méi, ech weess net méi, wéi ech witzeg ka sinn.“

Wou 2014 schliisslech eng offiziell Diagnos vun den Doktere komm ass, ass den Acteur den Depressioune verfall. De couragéierte Komiker huet lues a lues ëmmer méi Gewiicht verluer an un Angscht gewonnen, bis datt eng weider däischter Krankheet hie ganz ënner Kontroll hat. Seng visuell Opnamefäegkeet, wéi och de Sënn fir Logik ass mat der Zäit verschwonnen, bis datt den trageschen Dag komm ass.

Um 11. August 2014 huet den Robin Williams sech doheem am Aarbechtszëmmer d’Liewe geholl. Genau esou schnell, wéi fréier den Humor erausgespruddele konnt, ass zum Schluss d’Angscht gewuess. An Erënnerung hale mir säi stralend Laachen, seng Energie-geluede Rollen an déi fantastesch Filmer, duerch déi mir den Acteur ëmmer erëm erliewe kënnen.

Dernières nouvelles