Nächsten Donneschdeg an der Chamber: Referendum-Debatt

Um Mëttwoch huet d‘Petitiounskommissioun vun der Chamber, sécherlech schwéieren Häerzens, déi 18.645 Signature vun der ëffentlecher Petitioun 2007 validéiert. Eng 2.000 „duebeler“ goufen neutraliséiert.

Datt dem Gérard Koneczny seng Petitioun scho bei der Validéierung zur Ënnerschrëftsvirlag eppes Rekordverdächteges hat, huet sech bestätegt. Den Debat, respektiv dem Positionnement vun de politeschen Intervenante wärend dem Debat, dee fir de 25. November annoncéiert gouf, beaflosst dat net. De leschte Rekord staamt iwwregens vun 2014, et goung sengerzäit ëm eis Sprooch.

Lount et sech elo, sech déi aner Woch Donneschdeg fräi ze huelen, fir dem Debat op ChamberTV, oder Live um Krautmaart beim Debat derbäi ze sinn? Dësen ass fir 14 Auer ugesat an u sech méi symbolesch wéi Zilféierend, vu datt d‘Regierung onerwaart de Réck vun der Oppositioun, also eigentlech just der CSV, gestäipt krut firwat et elo egal wéi véier mol 25.000 Ënnerschrëfte brauch.

Ab muer – esou zumindest d‘Ausso – kann de Bierger wou der Usiicht ass, datt hien ee Recht op de versprachene Referendum huet, sech op senger Gemeng mat enger éischter Ënnerschrëft derfir ausschwätzen. Leschten Delai fir ee Krop ze maachen ass hei den 20. Dezember. Et ass gewosst, dat d‘ADR, wéi d‘Piraten an eigentlech esouguer déi lénk, fir ee Referendum sinn. Geet awer net duer.

D‘Koalitiounsparteien, zesumme mat der CSV wëllen net, datt et zum Referendum kënnt, dat wëll se zu Recht befierchten, datt et beim Referendum zur politescher Ofrechnung komme kann. Wéi esou eppes geet ass zanter 2015 jo gewosst. Zudeem ass jo just eppes „Kosmetik“ a véier butzege Kapitel virgeholl ginn. Ee Lifting deen ausräichend fir eng Verfassung vum 21 Joerhonnert ass.

Dernières nouvelles