Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 4.794 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 866 pro 100.000 Awunner an 721,8 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 34,2 Joer.

Et goufe 17.116 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 17.554 Tester, se si liicht erofgaangen. 68 Schnelltester ware positiv.

Den 6. Mäerz  goufe 9.611 aktiv Infektioune gemellt, de 27. Februar waren et 8.478. Am Ganzen ziele mir 177.361 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 7 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 88 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,11 – en ass soumat ganz liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 27,93%.

D’Inzidenz läit bei 755 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 736/100.000.

An de Spideeler ass d’Situatioun e stabil. Et sinn 24 Patienten op der normaler Statioun an 6 Patiente ginn intensiv behandelt.

Impfungen: An der Woch vum 28. Februar bis de 6. Mäerz gouf am Ganzen 3.838 mol geimpft. Dovunner kruten 1.048 Persounen hier zweet Dosis – an 376 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 1.268.435 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 31,3% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 12,3%, d’Reesen mat 8,6 an d’Aarbecht ass mat 3,6% dobäi an d’Fräizäit mat 6,2%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 33,9%.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles