Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 13. bis den 19. Dezember 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch 2.727 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 723,08 pro 100.000 Awunner an 288,43 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 32,2 Joer.

Et goufen 30.921 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 30.536

Tester, se si liicht eropgaangen. 59 Schnelltester ware positiv.

Den 12. Dezember goufe 5.413 aktiv Infektioune gemellt, den 12. Dezember waren et 5.343. Am Ganzen ziele mir 90.713 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 9 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 78 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,00 – en ass soumat liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 8,82%.

D’Inzidenz läit bei 430 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 408/100.000, den Taux ass e bësse geklommen.

An de Spideeler ass d’Situatioun e geklommen. Et sinn 58 Patienten op der normaler Statioun an 22 Patiente ginn intensiv behandelt. Et waren 5.795 an Isolatioun, 4.283 hu sech a Quarantän befonnt.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 37,4% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 15,8%, d’Aarbecht ass mat 6,0% dobäi an d’Fräizäit mat 3,9%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 31,6%.

Impfungen: An der Woch vum 13. bis den 19. Dezember gouf am Ganzen 40.755 mol geimpft. Dovunner krute 2.890 Persounen hier zweet Dosis – an 33.853 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 440.854 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Presens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles