Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 29. November bis de 5. Dezember 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 2.699 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 662,67 pro 100.000 Awunner an 305,48 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn.

D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 33,2 Joer.

Et goufen 30.268 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 27.439 Tester, se sinn eropgaangen. 35 Schnelltester ware positiv.

De 5. Dezember goufe 5.098 aktiv Infektioune gemellt, den 28. November waren et 4.269. Am Ganzen ziele mir 85.726 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 11 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 84 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,03 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 8,92%.

D’Inzidenz läit bei 425 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 374/100.000, en ass an d’Luucht gaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun e geklommen. Et si 50 Patienten op der normaler Statioun a 16 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 5.066 Persounen an Isolatioun, 8.760 Leit hu sech a Quarantän befonnt.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 36,3% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 19,0%, d’Aarbecht ass mat 7,4% dobäi an d’Fräizäit mat 5,0%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 27,3%.

Impfungen: An der Woch vum 29. November bis den 5. Dezember gouf am Ganzen 32.959 mol geimpft. Dovunner kruten 3.398 Persounen hier zweet Dosis – a 26.031 Persoune kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 434.615 Persoune si vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichten Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Dernières nouvelles