COVID-19: Rapport zu onerwënschten Niewewierkunge verëffentlecht

Wéi ginn se richteg interpretéiert?

D’Gesondheetsdirektioun vun der Pharma- a Medikamentendivisioun Lëtzebuerg huet an Zesummenaarbecht mam regionalen Zentrum fir Pharmakoviliganz Nancy a Frankräich den 8. Rapport iwwert déi a Lëtzebuerg gemellten Niewewierkunge vun de Covid19-Impfstoffer verëffentlecht.

Dëse Rapport soll virun allem Transparenz schafen an op dës Manéier d’Vertrauen an d’Impfung schafen. Fir de Rapport a seng verëffentlecht Daten korrekt ze interpretéieren, ass et wichteg, folgend Punkten ze berécksiichtegen.

Déi am Rapport enthalen Informatiounen, bezéien sech op vermuttlech Niewewierkungen. Et si medezinesch Ereegnesser, déi no der Impfung opgetruede sinn. Se mussen awer net onbedéngt an dësem Zesummenhang stoen oder drop zréckzeféiere sinn. De Verdacht op eng Niewewierkung, implizéiert net onbedéngt ee kausalen Zesummenhang.

Dofir sinn dës Fäll Géigestänn vun Ënnersichungen a ginn vun de Gesondheetsautoritéiten mat anere Fäll registréiert. Dobäi kann nëmmen eng detailléiert Analys an eng wëssenschaftlech Auswäertung vu sämtlechen Daten, op déi richteg Conclusioun schléissen.

Och d’Zuel vun de gemellten Niewewierkunge, sollt mat der Zuel vun den Impfstoffer, déi vergi goufen, an ee Verhältnes gesat ginn. 

D’Daten, déi vun de Gesondheetsautoritéite geholl goufen, kënnen net feststellen ob den Impfstoff fir den onerwënschten Nieweneffekt zoustänneg ass. Dëst féiert dacks zu engem Duercherneen, zemools am Hibléck op déi gemellten Doudesfäll.

Doudesfäll bei Massenimpfungen, bei deene Millioune vu Mënsche geimpft goufen, trieden op. Mee och hei implizéiert dëst keen Zesummenhang mam Impfstoff.

Déi Europäesch Agentur fir Medikamenter (EMA) iwwerwaacht d’Sécherheet vun den Impfstoffer an der Europäescher Unioun ganz genee. Dëst hëlleft, Niewewierkunge séier ze erkennen, déi optriede kënnen.

De ganze Rapport kënnt Dir hei noliesen.

Dernières nouvelles