rainy days 2021: E Festival, bei deem et vill ze feieren an z‘erliewe gëtt

Ënnert dem Motto „Come together again“ wäert den europawäit beléifte Festival rainy days zelebréiert ginn. Um Programm stinn 21 Concerten, Performancen a Renconteren, awer och zwee besonnesch Jubiläen an natierlech de kulturelle Mateneen. Loosst déi reenereg Deeg kommen!

Nodeems de rainy days Festival am Joer 2000 vun de Museker a Komponisten Claude Lenners a Guy Frisch zum Liewen erwächt gouf an een am leschte Joer just wéineg physesch Feieren organiséieren duerft, gëtt dann elo de ronne Gebuertsdag nogeholl. 20 (+1) Joer rainy days a 15 (+1) Joer vun dësem Festival an der Philharmonie gëllt et ervirzehiewen.

Vum 12. November bis de 5. Dezember gëtt esou e räichhaltegen an emotiounsgeluedenen Programm gebueden. Dobäi fannen déi verschidden Evenementer an der Philharmonie, am Kapuzinertheater, an der Abtei Neimënster sou wéi och ënnert fräiem Himmel statt.

D‘Renconter war nach ni esou wichteg wéi elo

Kultur erschéngt op den éischte Bléck net iwwerliewenswichteg. Wéi staark mir se vermëssen a brauchen, mierkt een dann, wann engem den Zougang zu Concerten, Optrëtter a Konscht verweigert gëtt. Genee dat hu mir all an de leschte Méint erlieft. Ëmsou méi gëtt de Motto „Come together again“ ënnerstrach.

Ma, mam Ufank vum Festival gëtt de Projet Rout Bréck ofgeschloss. An dësem Kader wäert d‘Multitalent William Kentridge den 12. November seng multimedial Performance vum Kurt Schwitters senger Ursonate am Kapuzinertheater presentéiert.

Viru geet et een Dag méi spéit mat „Ghost Trance Music“ vum Anthony Braxton. Den Numm weist schonn drop hin, datt sech bei dëser Opféierung un de Geeschterdanz-Ritualer vun den amerikaneschen Urawunner inspiréiert gouf. Wäert de Publikum selwer vläicht an der Philharmonie eng Liichtgestalt gesinn?

Mat dobäi ass och de Ciné-Concert „Das alte Gesetz“ de 14. November sou wéi déi sougenannt Wonnerkummer den 21. November, wou e Mosaik aus 20-minuttelaange Concerten gebuede gëtt. Hei wäert e räiche Spektrum u Wierker a Stiler ofgedeckt ginn, dorënner Kompositioune fir Glasharmonika, Filmmusek vum Walter Ruttman an d‘Presentatioun vun deem, wat beim Kompositiounsworkshop fir Kanner kreéiert ginn ass.

Driwwer, Drënner Drop, eng Kompositioun vum Catherine Kontz wäert de 27. November dem Publikum presentéiert ginn. Zesumme mat iwwer 100 Museker vun der UGDA gëtt hei op ee Live-Klangspadséiergang laanscht d‘Uelzecht agelueden. Esou erlieft ee Clausen an de Gronn ganz nei!

En detailléierten Iwwerbléck mat alle Concerten, Optrëtter an Datumer fannt Dir op philharmonie.lu. Hei fannt Dir och Ticketen fir de rainy days Festival.

De rainy days Festival ass mëttlerweil a ganz Europa héich ugesinn an hält weiderhin um Konzept aus nationalen an internationalen Artiste fest. Zënter 2016 leet d‘Lydie Rilling de Festival, dat fir eng lescht Kéier als Chefdramaturgin.

Dernières nouvelles