D’Piratepartei ass opbruecht!

Den 3te Mäerz kruten eng ronn 70 Leit aus dem SHUK der Structure d’hébergement d’urgence um Kierchbierg gesot, si hätte just e puer Stonne fir hir Saachen ze packen, a missten d’Struktur da verloossen, well Plaz fir déi geflüchte Persounen aus der Ukrain misst gemaach ginn.

Fir eis Piraten ass et absolut inakzeptabel, dass dës Persounen aus hirer Opfankstruktur erausgehäit an un d’Wanteraktioun verwise goufen. D’Wanteraktioun ass net drop ausgeriicht, fir Persounen, déi viru Krich a Verfolgung geflücht sinn, z’accommodéieren. Lëtzebuerg muss sech ëm all geflüchten Persoun këmmeren!

Den 3te Mäerz kruten eng ronn 70 Leit aus der SHUK der Structure d’hébergement d’urgence um Kierchbierg gesot, si missten d’Struktur verloossen, well Plaz fir déi geflüchte Persounen aus der Ukrain misst gemaach ginn.

Dës 70 Persounen si selwer DPIen (Demandeurs de protection international) a sinn aus Länner wéi dem Irak, Syrien oder Afghanistan op Lëtzebuerg geflücht an hunn sech un eis Prozedure gehalen, an Asyl ugefrot. Fir eis Piraten ass et dofir absolut inakzeptabel, dass dës Persounen dann aus enger Opfankstruktur erausgehäit ginn an hinne gesot gëtt, si sollen an d’Wanteraktioun schlofe goen. D’Wanteraktioun ass net drop ausgeriicht, fir Persounen, déi viru Krich a Verfolgung geflücht sinn, z’accommodéieren.

Dass de Minister Asselborn hei dovu schwätzt, dass dës Leit ganz gutt bei der Wanteraktioun opgehuewe wieren, ass an eisen Aen eng Respektlosegkeet géigeniwwer den DPIen, hiren Erfarungen a Besoinen.

Mir Pirate sëtzen eis säit Joren dofir an, dass Persounen, déi aus hirem Land op Lëtzebuerg geflücht sinn, hei gutt a séier accommodéiert an encadréiert ginn. D’Leit sollen déi Hëllefen hei kréien, déi se no der Flucht brauchen, an dat heescht, dass hir Dossieren innerhalb vun engem Joer mussen ofgeschloss sinn an dass se net wéi Mënschen zweeter Klass behandelt dierfe ginn.

D’Lëtzebuerger Regierung dierf hei déi schwächsten a vulnerabelsten ënnert eis net géint enaner ausspillen. All Persoun, déi op Lëtzebuerg flücht, muss eis Ënnerstëtzung ze gutt hunn, an huet een op hir Besoinen ugepassten Doheem verdéngt. Egal vu wou se kënnt.

*matgedeelt vun der Piratepartei

Dernières nouvelles