Och Sexaarbeechter*innen hu Rechter

Sexarbeechter*inne sinn dacks Affer vu Gewalt, Vergewaltegung a souguer Muerd duerch Clienten, hier Zouhälter oder aner Persounen. Dës Gewalt fënnt an engem Kontext statt an deem Sexarbeechter*innen stigmatiséiert, diskriminéiert oder kriminaliséiert ginn. Domat ass et eng vum Staat toleréiert Gewalt.

Haut ass den internationalen Dag géint Gewalt u Sexaarbechter*innen. Dëse gouf am Kader vun enger Rei vu Mordfäll u Sexaarbechter*innen agefouert, déi an den 80er Joren zu Seattle an den USA stattfonnt hunn. Et war de « Green River Killer ».

15 Joer méi spéit ass hien wéinst 48 Ermuerdungen zu liewenslaangem Prisong veruerteelt ginn. Dobäi kéint d’Donkelziffer vu sengen Affer nach méi héich sinn. Säi Motiv war den Haass géint Sexaarbechter*innen. Och hier gesellschaftlech Verletzlechkeet huet eng gréisser Roll bei sengen Dote gespillt.

D’Liewe vu Sexaarbechter*innen schéngt an der Gesellschaft manner wäert ze sinn – ëmmerhin „verkafe sech dës Mënschen“. Si ginn diskriminéiert a beleidegt. Et gëtt vun uewen erof mat hinne geschwat.

Ma och Sexaarbechter*innen hunn d’Recht op Matbestëmmung a Respekt. An dat ouni aus der Gesellschaft ausgeschloss ze ginn. Et ass ee geféierleche Beruff mat ville Risiken. Dësen Aktiounsdag soll op dës Tatsaach opmierksam maachen an dozou bäidroen, datt d’Ëffentlechkeet d’Lag besser versteet. Nëmmen esou kann se verbessert ginn.

Sexaarbechter*innen, déi sech aktiv géint dës Gewalt asetzen a fir hier Rechter kämpfen, sollen aktiv ënnerstëtzt ginn. Och si däerfen a sollen sech géint Ongerechtegkeeten wieren. All dëst muss agefuerdert ginn, allerdéngs erschwéiert d’Vertrauen an d’Autoritéite (wat dacks feelt), dës Demarchen. Dat ännert sech hoffentlech mat der Zäit. Vertraue muss wuessen.

Dernières nouvelles