Och am Dezember woe Flüchtlingen de geféierleche Wee

De Samschdeg, den 11. Dezember ass d’Séinoutrettungsschëff SEA-EYE 4 op seng véiert a lescht Rettungsmissioun vun dësem Joer opgebrach.

Dësen Asaz ass duerch United4Rescue realiséiert ginn. Mam Stéchwuert « Weihnachtsmissioun » hunn si Spende gesammelt an dës Missioun eréischt méiglech gemaach a finanzéiert. D’Rëttungsschëff ass dat zweet Bündnisschëff vun United4Rescue. D’Bündnis hat sech schonn dru bedeelegt, datt d’SEA-EYE 4 iwwerhaapt kaf konnt ginn.

„Mir sinn dem Bündnis United4Rescue vun Häerzen dankbar. Si bündelt d‘Kraaft vun 80 Organisatiounen a stellt sécher, datt mir elo an de véierten Asaz opbrieche kënnen, » seet de Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye e. V.

„Datt eist Bündnisschëff SEA-EYE 4 elo zu hirer Chrëschtdagsmissioun ausleeft a Liewe rette wäert, ass eng gutt Noriicht! Datt mir dëst als United4Rescue, duerch esou vill Spenden erméiglechen kënnen, weist och: Et ginn ganz, ganz, ganz, ganz vill gutt Leit dobaussen, déi net mat der europäescher Ofschottungspolitik averstane sinn. Si wëllen net matverantwortlech fir d’Leed an d’Stierwen un den EU-Aussegrenze sinn“, ënnersträicht d’Liza Plaum, Virstandsmember vun United4Rescue e. V.

D’Rettungsschëff wäert hiert Asazgebitt nach virum 4. Advent areechen. An der Tëschenzäit trainéiert d’Ekipp u Bord fir den Eeschtfall.

Wärend Europa d’Feierdeeg genéisst, halen si Hellegowend a Chrëschtdag op Séi Wuecht – a retten hoffentlech Mënschen, déi sech op der Sich no Sécherheet verluer hunn. D’Ekippen vu Sea-Eye an German Doctors hunn an hire leschten dräi Missiounen 1.194 Mënscheliewe gerett.

Dobäi waren d’Memberen vu German Doctors haaptsächlech fir d’Bordspidol zoustänneg. Op der drëtter Rettungsmissioun, déi am November stattfonnt huet, huet d’Ekipp sech ëm 757 Mënschen gekëmmert, nodeems Malta hier Hëllef verweigert hat. E puer Séinoutfäll beieneen hu missen koordinéiert ginn. Dobäi sinn ongeféier 400 Mënschen vun engem iwwerfëllten Holzboot gerett ginn.

Dozou fënnt den Dr. Harald Kischlat, Virstandsmember vu German Doctors kloer Wierder.

„Nach ëmmer ënnerhëlt déi Europäesch Unioun ze wéineg, fir d’Stierwe um Mëttelmier ze verhënneren. Zesumme mat eise Partenairen wäerte mir och am nächste Joer, déi noutwenneg a liewensrettend Missiounen vu Sea-Eye ënnerstëtzen.“

Dernières nouvelles