Frankräich huet nees Afghanen evakuéiert

Wéi de franséischen Ausseministère um Freideg matgedeelt huet, sinn 258 Afghanen, nach 60 Hollänner an 11 Fransousen, aus de Haaptstad Kabul ausgeflu ginn. Et war eng Operatioun déi zesumme mam Katar organiséiert ginn ass.

Golfregioun

Bei den Afghanen handelt et sech ëm Journalisten oder soss Persounen déi wärend der Besatzung zesumme mat oder fir franséisch „Interesse“ geschafft hunn. Si gëllen als besonnesch bedreet, esou de knappe Statement. Iwwert de Weekend soll den Transfert vum Katar Richtung Paräis virgeholl ginn, esou den Ausseministère. Et ass keng zoufälleg Operatioun gewiescht, et hat gutt Grënn…

E Freideg huet de „Président des Riches“ seng Verkafstournée an der Golfregioun gestart. An de Vereenegten Arabeschen Emirater (UAE) – wou zur Stonn eng Weltausstellung stattfënnt – huet Dassault Aviation beispillsweis en Deal vir 80 Kampfjets vum Typ „Rafale“ ofgeschloss. Ee Fait deen natierlech politesch – eis Noperen si voll am Walkampf – maximal ausgeschluecht ka ginn.

Den Ekologist Yannick Jadot huet den Deal folgendermoosse kommentéiert: „Et ass eng Schan datt Frankräich autoritär Regimmer, wou d‘Mënscherechter net unerkennen an deenen hire Räichtum op der Ausbeutung vun de fossillen Energie berout“. Datt keng vun de Golf-Natiounen esou eppes wéi Rechtsstaatlechkeet an Humanismus, no europäesch-amerikaneschem Virbild kennt, war gewosst.

Op där aner Säit huet et den neie Kandidat a verbale Brandstëfter, Eric Zemmour, deen zwar den „Araber“ am Hexagon net erdroe kann, sech awer maximal iwwert den Deal freet: „Et ass ee Succès fir eis Verdeedegungsindustrie, déi weder der Union nach der NATO eppes schëlleg ass. Et ass ee Secteur dee mir ausbaue sollten“. Vläicht sollt een zum Joresenn eppes Geld a Waffen investéieren.

mat indymedia/par/tlv

Dernières nouvelles