Musek schenken: Concerte fir krank an isoléiert Persounen

D’Fest vun der Léift steet virun der Dier. Nach méi schéin, wéi selwer e Kaddo ze kréien ass et, eis Léifst glécklech ze maachen. An dësem Kader schenkt d’Fondatioun EME dës Feierdeeg nees Musek.

Et ass en artistesche Kaddo, deen u jidderee geet. Musekerinnen a Museker organiséieren dobäi 20-minutteg Concerten Doheem, op den Terrassen a Balconen, oder och an de Gäert vu kranken an isoléierte Persounen. Op Distanz, an awer zesummen gëtt esou festlech Stëmmung iwwermëttelt.

Ma, fir dëse wonnerbare Projet sicht d’Fondatioun aktuell nach no interesséierte Musekerinnen a Museker, déi net nëmmen Talent, mee och Nächsteléift matbréngen. Getrei dem Motto „D’Kultur gehéiert jidderengem“ solle si, mee och krank an isoléiert Persounen ënnert www.musekschenken.lu aschreiwen, fir bei dëser Initiative kënnen dobäi ze sinn.

Dernières nouvelles