MSF a Polen: All Hëllef gouf blockéiert

Zanter Juni 2021 versichen dausende Persounen iwwert Belarus a Polen, Litauen oder Lettland ze kommen an esou Asyl an der EU ze kréien. D’Migranten a Flüchtlingen setze sech an der wanterlecher Keelt, ouni Iessen a Waasser, waarm Kleedung an engem Iwwerdaach grousse Risiken aus. D’Polnesch Autoritéiten hunn d’Dokteren ouni Grenzen awer ëmmer nees blockéiert, wouduerch hir Ekippen elo gezwonge sinn, d’Grenz ze verloossen.

Virun 3 Méint gouf en Interventiounsgrupp vun MSF a Polen geschéckt, fir de flüchtende Persounen hir Ënnerstëtzung unzebidden. „Mir wëssen, datt nach Persounen d’Grenz passéieren a sech am Bësch verstoppen, Ënnerstëtzung brauchen, mee wou mir eis engagéiert hunn hinnen op der Plaz ze hëllefen, konnte mir si net a Polen empfänken“ sou d’Frauke Ossig, MSF-Coordinatrice fir Polen a Litauen.

MSF a Polen
E Grupp Jemenitten a Palestinenser krute bei enger heemlecher Interventioun Iessen, waarm Kleedung a Batterien. MSF war zu deem Ament net present an huet net mat de Leit geschwat. Hei huet d’Fotografin Kasia Strek Andréck agefaangen. © Kasia Strek E Grupp Jemenitten a Palestinenser krute bei enger heemlecher Interventioun Iessen, waarm Kleedung a Batterien. MSF war zu deem Ament net present an huet net mat de Leit geschwat. Hei huet d’Fotografin Kasia Strek Andréck agefaangen. © Kasia Strek

Déi mëtteleuropäesch Republik huet nämlech Géigemoossnamen ergraff, Clôturen un der Grenz opgeriicht, d’Arméi mobiliséiert an den Noutzoustand un der Grenz ausgeruff. D’Zon gëtt streng iwwerwaacht an domat och humanitär Organisatiounen, Benevollen an d’Medien.

Dobäi géifen d’Zaldoten och net zécken Gewalt unzewennen, wat d’Autoritéiten einfach akzeptéieren. Migranten a Flüchtlingen ginn zeréck a Belarus gedréckt, si gi beklaut, kréien hire wéinege Besëtz zerstéiert a gi physesch attackéiert. Beim Versuch d’EU ze erreechen, hunn 2021 op mannst 21 Persounen hiert Liewen an dëser Zon gelooss.

MSF a Polen
De Bella (21) ass mat enger kurdescher Famill e puer Deeg ënnerwee. Hie selwer ass och Kurd, kënnt aus dem Irak. Hie gouf bei Siemianowka (Polen) vun engem lokale Resident fonnt, deen de Leit op hirem Wee gehollef huet. De Bella huet staark geziddert, hat laang Zäit näischt giess a seng Kleedung war komplett naass. © Kasia Strek

D’Dokteren ouni Grenzen wollten hëllefen, kruten awer keen Accès zur Grenzzon. Esou bedaueren a kritiséiere si, datt d’Politik gudde Gewëssens esou vill Doudeger fuerdert an d’Flüchtlingen drun hënnert an der EU Asyl ze kréien. „Déi aktuell Situatioun ass inakzeptabel an onmënschlech. D’Leit hunn e Recht Sécherheet an Asyl ze sichen a sollten net illegitim zeréck a Belarus gedréckt ginn“, erkläert d’Frauke Ossig.

Hir Aarbecht a Polen geet weider, a konform zu den eigentleche Pläng, riicht MSF och en nationale Büro an der Haaptstad Warschau op. A Litauen a Belarus engagéiere si sech weider fir Persounen an Nout.

Dernières nouvelles