Amicale des Anciens de Tambow: Mir vergiessen net

D’Amicale des Anciens de Tambow huet jo wéinst der Pandemie de 75. Gedenkdag un de Retour vun den Zwangsrekrutéierten, déi vum däitsche Besatzer fir seng Krichsmachinerie agezu goufen, missen op den 12. November 2021 misse verleeën. Et waren zwee emotionsräicher Deeg…

No enger grousser an offizieller Zeremonie um Freideg, gouf nach owes am Wëssenschaftlechen a Kulturellen Zenter vu Russland (Représentation de l’Agence fédérale Rossotrudnichestvo) a Presenz vu ganz interesséierte russesche Studenten, d’Buch „75 Joer Zeréck an d’Heemecht“ virgestallt.

Ee geschichtlech ganz wichtegt literarescht Wierk, dat nach emol op dëst däischtert Kapitel vun eisem Land ageet. Sengerzäit goufe ronn 10.200 Jongen a Männer vum Nazi-Besatzer „akasséiert“.

Eng Dausend vun hinne goufen – de Krich war eigentlech scho verluer – 1943 vun der „rouder Arméi“ gefaange geholl an am Lager 188 zu Tambow festgesat.

Vill hunn dohannen hiert Liewe gelooss an déi wou konnten heem kommen, hunn aus politesche Grënn, bis den November 1945 zu Tambow missen op d’Réckfaart an d’Heemecht aushalen.

An dësem Buch sinn all déi wichteg Informatiounen zu den Affer, den Ëmstänn an hirer Arrivée op der Gar zu Lëtzebuerg enthalen.

Amicale des Anciens de Tambow
© Martine de Lagardère / moien.lu

Emotionell och d‘Generalversammlung

Um Samschdegnomëtten huet d’Amicale vun den Anciens de Tambow dann och nees kënnen seng Generalversammlung am Parc Alvisse ofhalen. Och déi gouf d’lescht Joer aus de bekannte Grënn ofgesot.

Fir de President Paul Scholer war et dann nach en emotionalen Optakt, well eréischt ganz rezent de René Ferber, ee vun hire Memberen, verstuerwen ass. An de leschten zwee Joer huet d’Amicale siwe vu sengen Zäitzeie verluer. Hinne gouf dann, wéi et sech gehéiert, mat enger Gedenkminutt geduecht.

Zwee Bicher, déi ee sollt hunn

Erlaabt nach an dësem Kontext, vu datt den Auteur Marc Trossen sech schonn d‘Méi gemaach hat, och ee puer Wierder un d‘Assemblée ze riichten, op zwee rezent, awer historesch ganz remarkabel Bicher hinzeweisen:

Tambow

Esou d’Buch vum Claude Vandivinit „Evakuatioun a Frankräich“ (Mee August 1940), dat den 19. November am Escher Lycée mat enger Konferenz ganz detailléiert wäert virgestallt ginn. Dës Konferenz gëtt organiséiert vun der „Amicale vum Escher Kolléisch Asbl“ (AVEK) a fënnt ënnert dem CovidCheck-Regimm statt. Ufank vun der Konferenz ass 19.30 Auer.

Dann natierlech och d’Buch vum Marc Trossen: „Les Luxembourgeois en France de 1940 à 1945“. Et behandelt, oder villméi dokumentéiert d’Liewe vun de Lëtzebuerger, sief et als Member vun der „Resistenz“, als geflüchte Judden, Gewerkschaftler, Politiker, Refraktären an zum Schluss och Deserteuren. Méi no un „eiser“ Geschicht kann ee kaum sinn.

Dës Bicher goufen editéiert vun der „Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzbeweegungen“ a kënne fir 35 Euro pro Buch mëttels engem Virement un d‘UNIOUN (Konto: CCPLLULL IBAN LU81 1111 0032 4645 0000) bestallt ginn. Dir kritt dat da ganz bequeem vun der Post zougestallt. Wann et Froen zu de Bicher hätt, ass de Marc Trossen (mtrossen@pt.lu) gäre bereet déi ze beäntwerten.

Fotoen: © Martine de Lagardère / moien.lu

Dernières nouvelles