Den Jagger a seng rullend Stäng 

Dee kritt haut 79. Joer? Nee! Dach! Et ass kaum ze gleewen, mee de britesche Rockmuseker, Sänger a Komponist Mick Jagger, dee virun allem duerch déi legendär Rolling Stones bekannt ginn ass, kann haut Gebuertsdag feieren. De Museker gëllt mat senger Band nach ëmmer als eng vun de finanziell erfollegräichste Gruppe weltwäit.

Um 26. Juli 1943 ass de Mann mam opfälleg grousse Mond zu Dartford gebuer ginn a vun Ufank u war hien ee richtegen Dropgänger. Spoileralarm: Dëse Charakterzuch sollt him ee Liewe laang erhale bleiwen. A senger Jugend hunn den Jagger an säi Schoulkolleg Keith Richards sech dunn decidéiert, d’Band „The Blue Boys“ ze grënnen. An obwuel si all fräi Minutt der Musek geaffert hunn, konnt den Jagger mat 19 Joer säi Schoulofschloss maachen a studéiere goen.

Nujee, déi Saach mam Léieren hat hie schnell un den Nol gehaangen an esou ass et 1962 mat de Rolling Stones weider gaangen. Den Numm soll iwwregens vun engem Muddy-Waters-Song kommen a sech un een englescht Spréchwuert uleenen, bei deem ee rullende Steen duerch d’Beweegung wuel ni vu Mooss bedeckt wäert sinn.

Zesumme mam Brian Jones un der Gittar, dem Charlie Watts op der Batterie an dem Bill Wyman um Bass hunn den Jagger a Richards am Ufank e bëssi Blues opgedëscht. Mam Opkomme vun de Beatles wollten d’Museker schliisslech mat méi haarder Musek ervirstiechen, wouduerch d’Stones rapid als Idoler vun der rebellescher Jugend gegollt hunn.

Mam Titel „I Can’t Get No Satisfaction“ ass de rullende Stäng 1965 endlech de groussen Duerchbroch gelongen. Nach haut begeeschteren déi eeler Hären mat hire Live-Shows, an dat och, wann d’Besetzung mat de Joren ëmmer emol changéiert huet. Mëttlerweil bestinn d’Stones nämlech aus dem Charlie Watts (säit 1963), dem Ron Wood (säit 1975), dem Keith Richards an natierlech dem Micky.

Dernières nouvelles