Lëtzebuerg test sech

Geimpft oder net, spillt dobäi keng Roll

Fir ee besseren Iwwerbléck iwwert d’Infektiounsgeschéien am Land ze kréien, organiséiert d’Regierung vum 13. bis den 19. Dezember d’Aktioun « Lëtzebuerg test sech ».

Fir matzemaachen huet all Haushalt ee Schreiwes heemgeschéckt kritt. Mat dësem konnt/kann een sech an der Apdikt ee Set mat 5 Antigen-Tester besuergen.

Dës sollen der Bevëlkerung erméiglechen, sech an dëser Woch un zwee bestëmmten Deeg ze testen. Dobäi soll tëscht den Tester een Ofstand vun 3 bis 4 Deeg leien. Den éischten Test vun der Aktioun, fënnt um haitegen Dënschdeg statt, deen zweeten ass fir de Freideg, de 17. Dezember 2021 geplangt.

Kanner an d’Schoulpersonal si vun dësen Deeg ausgeschloss, si gi jo reegelméisseg (3 mol) an de Schoulen getest.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert zu dëser Aktioun, datt esou d’Gesondheetssituatioun vum Land an Echtzäit erëmgespigelt gëtt.

„Duerch d’Erkennung vu positive Fäll, kann d’Isolatioun vun de Betraffene méi séier stattfannen. »

Wann ee groussen Deel vun der Bevëlkerung matmécht, ass et méiglech d’Zuel vun den Neiinfektioune virun de Feierlechkeeten an de geplangte Familljentreffen ze reduzéieren. Och restriktiv Moossname kënnen esou verhënnert ginn. A puer Länner ass et jo schonn esouwäit komm – Restauranten hunn missen zougemaach ginn, och Confinementer goufen ausgeschwat.

Bei engem Positivitéitstaux vun 8 bis 10% – an ënnert der Viraussetzung, datt ee groussen Deel vun der Bevëlkerung matmécht, wär et méiglech d’Zuel vun den Neiinfektiounen ëm 50% ze reduzéieren. Anengems gëtt déi nei Well gebrach a séchere Feierdeeg steet näischt am Wee.

Wéi mécht ee bei der Aktioun « Lëtzebuerg test sech » mat?

Fir d’éischt emol, muss een seng Antigen-Tester an d’Apdikt siche goen. Noutfalls kënnen och aner Tester benotzt ginn. An da ka getest ginn – entweder de 14. a 17. Dezember, ewéi vun der Regierung proposéiert, oder wärend zwee aneren Deeg, déi iech besser passen.

Dono deelt Är Participatioun mat oder ouni Foto op de soziale Medien. Vergiesst net den Hashtag #Lëtzebuergtestsech dobäi ze setzen – an eventuell d’Santé ze markéieren.

D’Statistik, esou wéi all positiven Test vun dëser Aktioun, gëtt verëffentlecht, wann d’Testwoch eriwwer ass.

Wann den Antigen-Test positiv ausfält, muss dëst direkt op der Säit covidtracing.public.lu gemellt ginn. Nëmmen esou kann d’Pandemie besser agedämmt ginn. Natierlech muss ee sech bei engem positiven Test un déi virgeschriwwe Moossnamen halen.

Dës sinn hei am Video erkläert:

Dernières nouvelles