Lëtzebuerg a Frankräich verlängeren hiren Accord zum Teletravail

Ewéi d’Coronapandemie hiren Ufank geholl huet, huet Lëtzebuerg, zesumme mat Frankräich beschloss, datt Frontalieren, am Kader vun de Sécherheetsmoossnamen, zum Teletravail zeréckgräifen kënnen.

Dobäi gouf den Accord elo scho fir déi siwente Kéier ënnerzeechent. Dëst neit Ofkomme wat de 14. Dezember ënnerschriwwe gouf, bedeit, datt d’Deeg déi d’Frontalieren opgrond vun der Pandemie vun Doheem aus am Teletravail musse schaffen, net als Aarbechtsdeeg an hirem Wunngebitt ugesi ginn.

Dësen Accord, deen den 31. Dezember ofgelaf wier, ass elo bis den 31. Mäerz 2022 verlängert ginn. De Kampf géint d’Pandemie ass nämlech nach net eriwwer. Fir de Moment sinn 110.000 franséisch Aarbechter, déi zu Lëtzebuerg schaffen, vun dëse Mesurë betraff.

Wann dëst neit Ofkommen net eng Woch virum 31. Mäerz vun den zoustännegen Autoritéite gekënnegt gëtt, verlängert den Accord sech automatesch bis zum 30. Juni 2022.

De Finanzminister Pierre Gramegna seet der franséischer Regierung Merci, fir déi formidabel Zesummenaarbecht wärend dëser Pandemie. E bitt Patronen an Aarbechter méi Rechtssécherheet. Zu dësem neien Accord gehéiert nämlech ënnert anerem, déi fënneft Well vun der Pandemie ze berécksiichtegen, déi ganz Europa betrëfft.

Dernières nouvelles