„Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen …“

Kee Kannerfest ass esou mat Virfreed, mat Wënsch, mat Opreegung verbonnen, wéi „Kleesechersdag“, dee mer virgëschter gefeiert hunn. Vill Wënsch sinn jo och – hoffentlech – an Erfëllung gaangen. An di meeschte Kanner konnten eemol a Rou, ouni Stress, dësen Dag erliewen.

Mee mar geet et nees weider, a vill Kanner erliewen Crèche, Schoul, Maison Relais, ier se dann kënnen heem goen. Och fir d’Elteren ass et net schéin, ze wëssen, dass hir Kanner ob se waarden an si stinn nees am Stau…

Wéi de Willy Goergen d’Lidd „Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen“ geschriwwen hat, hat hien net nëmmen un d’Kanner geduecht, mee och un d’Mammen. An hien huet se esou gutt verstanen:

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, ….
Maach mir frou, meng häerzeg Kanner,
T’ass fir mech di gréisste Freed…“

Wéi geet et de Kanner dann haut? Ass d’Kandheet nach di glécklechst Zäit? Wéi frou sinn se dann? Firwat kommen esou vill Temoignagen vun Enseignanten, d’Educatricen, d’Educateuren, Psychologen, Elteren, déi Alarm schloen, a soen, dass ze vill Kanner leiden, well se sech eleng spieren?

An dunn ass di lescht Woch, e klenge Fonken Hoffnung entstanen: an der Chamber war nämlech e groussen Debat, wou erauskomm ass: d’Kanner brauchen méi Opmierksamkeet. Aha, hunn ech geduecht, de Message ass ukomm, lo, endlech, kréien d’Elteren ënnert d’Äerm gegraff wann se sech méi Zäit fir hir Kanner wëllen huelen, also manner Stonne schaffen oder sech eng Auszäit huelen. Endlech, manner Stress, endlech méi wäertvoll Momenter zesumme verbréngen.

A wéi war dann wierklech d’Conclusioun? Keng! Keng eng Zeil, wou ze gesi war, dass de Staat elo e Budget géif declenchéieren, fir dass d’Elteren effektiv sech méi ëm hir Kanner kéinte këmmeren. Dat kann dach net sinn, hunn ech geduecht. Da gëtt stonnelaang diskutéiert, debattéiert – fir wat? Ech hu mech dunn och ëmfrot, a krut bestätegt, dass et just en Debat an der Chamber war – soss näischt.

Wat soll dat? D’Regierung hat vun Ufank un gesot, si wéilten dass béid Elterendeeler schaffen. Mee, wa schonn am Laaf vun de Joeren, esou vill Temoignagen existéieren, wa schonn agesi gëtt, dass et net kann esou weidergoen, misst dann net eng Regierung de Courage hunn, eng aner Directioun anzeschloen, a probéieren, Léisungen ze fanne?

Wou bleift d’Verantwortung fir d’Gesellschaft vu muer, wa mer haut, net deenen entgéint kommen déi eis Gesellschaft vu muer gestalten? Mir kënnen dach net einfach nokucken a soen, „Dat geet schonn“, wa mer wëssen, dass d’Basis net klappt…

Frou Kanner:d’Basis vun der Gesellschaft vu muer. Frou Kanner si gesond Kanner, frou Kanner hu Vertrauen, frou Kanner brauchen keng Aggressivitéit fir sech ze behaapten.

Et läit un eis all, déi Gesellschaft ze gestalten, dass et eise Kanner gutt geet. Et läit un der Regierung, un de Gemengen, sech Gedanken ze maachen, net, andeems se nach méi Betreiungsstrukturen opriichten, mee andeems se sech beméien, den Elteren och wierklech bäizestoen.

Dozou gehéieren finanziell Ënnerstëtzung, an och, d’Iddien, de Courage ze hunn, nei Aarbechtsmodeller z’entwéckelen, sou wéi dat schonn z.B., a Schweden de Fall ass. Verschidden Entreprisen hunn de 6-Stonnendag agefouert, zu der gréisster Satisfaktioun vun de Patronen a vun den Employéeën.

D’Kanner brauchen méi Opmierksamkeet war d’Conclusioun an der Chamber: dat däerf net nëmmen um Pabeier hänke bleiwen. Et muss elo och fir d’Elteren konkret ginn.

En Text vum Isabelle Schmit-Mines / Famill.lu

Dernières nouvelles