Klimaneutral Stad Lëtzebuerg: D‘Stad vu muer elo gestalten

Dat kommend Joerzéngt ass ausschlaggebend. D‘COP26, déi zur Zäit zu Glasgow stattfënnt, ass den entscheedende Moment, fir de globale Klimaschutz am nächste Joerzéngt virunzedreiwen. Mir mussen elo d‘Weeche stellen, fir Klimaneutralitéit an domat déi 1,5°C-Ziler vum Paräisser Klimaofkommes ze erreechen.

A Stied entseet e Groussdeel u klimaschiedlechen Emissiounen. Hei muss dofir entspriechend gehandelt ginn. Oslo zum Beispill huet sech d‘Zil gesat bis 2030 klimaneutral ze sinn; Helsinki, Heidelberg, … bis 2035. Dëse Beispiller muss d‘Stad Lëtzebuerg mat politeschem Courage fir konsequente Klimaschutz nogoen.

Zu Lëtzebuerg sollen d‘CO2-Emissiounen bis 2030 ëm op mannst 55 % reduzéiert ginn. D‘Stad Lëtzebuerg hält allerdéngs u sengem Zil vu just 40 % Emissiounsreduktioune bis 2030 fest. Déi mëttelméisseg Klimapakt-Zertifizéierung vun der Stad Lëtzebuerg (68 %) weist, datt den DP-CSV Schäfferot Klimaschutz net als Prioritéit ugesäit.

Zum Vergläich: Esch-Uelzecht (75,5 %), Schëffleng oder Biekerech (84,6 %) hunn zum Beispill e méi héijen Niveau (Gold) erreecht. Als awunnerstäerkst Stad vu Lëtzebuerg a wirtschaftlechen Zentrum vun der Groussregioun muss d‘Stad Lëtzebuerg sech endlech zum Paräisser Klimaofkommes bekennen, sech d‘Klima-Neutralitéit zum Zil setzen a mat Hëllef vun neie Pakten (Klimapark 2.0, Naturpark, Wunnengsbaupakt 2.0) konkret Pläng virleeën, wéi dës erreecht soll ginn.

D‘Stad Lëtzebuerg muss eng Virreiderroll am Kampf géint de Klimawandel anhuelen amplaz weiderhin de Status quo ze verwalten. Datt dat geet hu mir als dé gréng Stad Lëtzebuerg bei eiser Pressekonferenz de 5. November 2021 gewisen. A 5 ënnerschiddleche Beräicher hu mir konkret Virschléi virgeluecht, wéi d‘Stad Lëtzebuerg an den nächsten 10-20 Joer klimaneutral ka ginn:

  • Klimagerecht Bauen: Méi Gréngs am urbane Raum;
  • Energieeffizient an erneierbar Energien: Eng Solaranlag fir all Daach;
  • Kreeslafwirtschaft: Eng kollaborativ an offallfräi Stad;
  • Mobilitéit: Méi Liewensqualitéit duerch en zesummenhänkend Vëlosnetz;
  • Mateneen amplaz vun uewen erof: Eeschthaft abanne vun de Bierger:Innen

Den Detail zu all dëse Punkte fannt Dir am offizielle Communiqué vun déi gréng Stad Lëtzebuerg.

Stied sinn dat zentraalt Element vum globalen Ekosystem. Wa mir d‘Klimakris bewältege wëllen, musse sech déi urban Zentren nei erfannen. Stied hunn d‘Méiglechkeet an d‘Verantwortung hir Emissioune massiv ze senken an dëst mat alle Moossnamen, déi schonn haut technesch machbar sinn.

Amplaz op der Plaz ze dréien, muss d‘Stad Lëtzebuerg sech Klimaneutralitéit als Zil setzen a sech déi noutwenneg Mëttel ginn, fir et mat de Bierger:Innen, de Verwaltungen an de Betriber an den nächsten 10-20 Joer ze erreechen.

Déi gréng Stad Lëtzebuerg hu schonn den 13. Dezember 2019 eng Motioun zur Ausruffung vum Klimanoutstand agereecht, déi op der Virlag vum Klimabündnis berout. Obwuel d‘Stad Member am Klimabündnis ass, gouf d‘Motioun bis haut net diskutéiert.

Wa mir déi global Klimakris stoppe wëllen, musse mir lokal handelen – an dat direkt!

Matgedeelt vun déi gréng Stad Lëtzebuerg

Dernières nouvelles