B.11.529: kléngt no näischt huet awer eng grouss Wierkung

Déi Südafrikanesch Covid19-Variant heescht mam vollen Numm Omikron, d‘Experte befierchte Schlëmmes an d‘Länner schränken de Persouneverkéier nees ass

Esou wéi et eis Kolleegen aus Südafrika bestätegen, hunn d‘Fuerscher den neie Covid19-Variant mat techneschen Numm B.11.529 schonn am November, eng éischte Kéier am Botswana getraff. Dës Variatioun vum Coronavirus Sars-CoV2 huet an der südafrikanescher Provënz Gauteng am November fir en exponentiellen Zouwuess vun den Infektiounsfäll gesuergt. Esouwäit d‘Faiten.

Dëse Variant wier virulent an déidlech, firwat et säitens der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) nees beonrouegend Prognose gëtt. Et schéngt dann och erwisen, datt de B.11.529 alias Omikron sech scho baussen de Grenze vum australeschen Afrika ophält. Zu Hong Kong hunn d‘Autoritéiten de Variant beim engem Voyageur aus Südafrika entdeckt, och Israel mellt éischt Kontakter…

Covid19

Eng ganz Rei Länner – dorënner Däitschland, Éisträich, Frankräich, Groussbritannien an Italien – hunn dee Reesverkéier mat Südafrika maximal beschränkt. Zu Lëtzebuerg huet wuel nach keen op den Aktivismus vun den Nopere reagéiert, mee natierlech hunn eis Experten, d‘Task Force an de Gesondheetsministère alles am Grëff. Hei gëtt d‘Situatioun stänneg an zilféierend iwwerwaacht.

Et gëtt sech net ofgeschwat

Wann een dann elo sollt unhuelen, datt no zwee Joer Erfarung d‘Politik eng Grëtz méi gescheit ginn ass, esou wäert een enttäuscht sinn. D‘Memberlänner maachen nees „hiert“ an d‘EU-Kommissioun „proposéiert“. Esou gëtt séchergestallt, datt et sech net opgeet an et kann Absicht ënnerstallt ginn, well de „Pandemie-Business“ ass maximal lukrativ, wéi dat scho verschidde Skandaler beweisen.

Berlin huet Südafrika als „Virus-Variantegebitt“ erkläert (gëllt ab haut Samschdeg), firwat dann d‘Fluchgesellschaften nëmmen nach däitsch Staatsbierger – a Richtung Däitschland – befërderen dierfen. De geschäftsféierende Gesondheetsminister Jens Spahn (CDU) huet zum Omikron: „Dat lescht wat eis nach feelt, ass eng ageschleefte Variant, déi eis nach méi Problemer mécht“.

Och zu Bréissel sinn d‘Wirtschaftslobbyisten alarméiert. Hei hat et Freidegowend eng Sëtzung vum Gesondheetsexpertenausschuss (do wier all Land vertrueden) an do goufen Entscheedunge geholl. Et heescht datt de gesamte Reesverkéier aus dem Süde vum schwaarze Kontinent soll ausgesat ginn. Betraff sinn: Botswana, Lesotho, Mosambik, Namibia, Simbabwe, Swasiland a Südafrika.

Wat ee ka, sollt oder wéilt maachen

Natierlech ass dat nëmmen eng „Recommandatioun“ fir d‘Memberlänner, mee deenen hir technesch Vetrieder sollen Undeitunge gemaach hunn, wéi wann dat elo vun alle Länner géif ënnerstëtzt ginn. Elo heescht „Ënnerstëtzung“ net datt een et mécht… et ass mat der Gesondheet jo a gewësser Weis wéi mat der Rechtsstaatlechkeet: jidderee weess wat gemengt ass, d‘Definitioun ass just variabel.

D‘Britten, déi wuel net méi EU sinn, vun deenen ee sech dann awer och net wierklech lasssoe kann, hu schonn um Freideg Nomëtteg de Fluchverkéier mat den hinne verdächteg virkommende Länner agestallt. Éisträich an Israel hunn de Verkéier maximal ageschränkt, wärend Indien a Japan sech mat wäitreechende Kontrollen um Fluchhafen zefridde ginn. Ass den Omikron elo geféierlech oder net?

Eis franséisch Nopere schéngen sech emol op de „worst case“ anzestellen an hunn direkt komplett dichte gemaach. Hei dierfen zënter gëschter a fir mindestens d‘Dauer vum Weekend, guer keng Fliger aus de Länner vum australeschen Afrika landen. De Premierminister Jean Castex, wëll dann ee Méindeg, an Ofsprooch mam „Conseil de Défense Sanitaire“ déi weider Suitte bekannt ginn.

Den italienesche Gesondheetsminister Roberto Speranza huet sengersäits ugeuerdent, datt alles wat sech n de leschte 14 Deeg an engem vun de Länner aus der genannter Regioun opgehalen huet, net méi an Italien areesen dierf. Dat soll esouguer fir italienesch Staatsbierger gëllen, woubäi et awer och nees Ausnamen huet. A well alles genial koordinéiert ass, musse mir eis keng Suerge maachen.

Kapprësele bei der WHO

A Südafrika huet et wéineg politescht Versteesdemech mir d‘Reaktioun vun de Länner, an esou ginn déi verschidde Mesure als „onberechtegt“ fustigéiert. De südafrikanesche Gesondheetsminister Joe Phaala, huet gëschter Owend drop higewisen, datt d‘Reesverbueter net am Aklang mat de WHO-Norme sinn. Hie stellt fest, datt bis ewell net erwisen ass, datt den Omikron eng reell Gefor wier.

Gemengt ass domadder: ob de Virus sech méi séier ausbreet an seng letal Wierkung nach eppes méi ausgepräägt ass, wéi beim Delta-Variant. Bei der WHO, wou een esou lues dierft d‘Loscht verluer hunn, iwwerhaapt nach Rotschléi an de Raum ze setzen – et mécht jo awer all Politiker dat wat seng Financiere virginn – schwätzt ee sech gläichfalls géint d‘Verbueter aus. Dat awer just „proforma“.

Wat elo den Impfschutz géint dëse südafrikanesche Variant mat schéinen Numm Omikron betrëfft, deen angeblech eng 30 Mutatioune bei de „Spikes“ opweise géif, esou herrscht och hei, wéi et sech gehéiert: „Konsens“. Pfizer ass zouversiichtlech dat säi Cocktail wierkt, Moderna wëll en extra op den Omikron ausgeriichte Vaccin kuerzfristeg hierstellen… Also geet et mam Boost awer net duer?

mat indymedia/lon/bru/jnb

Dernières nouvelles