Dee véierte kléngt just russesch

Wann et amusant Spezialitéiten an engem Béier-Adventskalenner huet, dat huet een ee vu La Punta do stoen. Eng där Spezialitéiten ass de Sputt-Nick vum „Heischter“. Nee et huet hei weder en Zesummenhang mam sengerzäit kommunisteschen Äerdtrabant, nach eppes mam Vaccin vum Zar Vladimir den Éischten ze dinn… de Benny Wallers huet just en Numm mat „S“ gebraucht…

Elo huet awer nieft perséinleche Grënn nach eppes méi mam „Sputt-Nick“ op sech. Wien schonn emol „do owe“ war, kennt dat mat de regionalen Dialekter. Et sollt dës héichhalen a Schützen, mee dat wier elo an anere Sujet. Jiddefalls bezitt sech d‘Wuertwiel op de „Sputt“ deen den „Nick“ vum „Nitt“ trennt. Béid stinn am Lëtzebuerger Dictionnaire als „Net“. Eigentlech ganz einfach, oder?

Natierlech geet et beim Sputt-Nick vum „Heichter“ emol Primär ëm ee vun de beschte Lëtzebuerger Béier aus artisanaler Produktioun. Dat läit un de Produiten aus dem Naturpark Uewersauer, wéi och der grousser Braukonscht vun der Brauerei Heischter geleeë sinn. Zolidd gehappt an ongefiltert, ass de Sputt-Nick mat senge 5,5% ee Garant vu gudder Stëmmung, an dat bei vollem Geschmaach.

Et ass där doucer een, deen aluet „hänken ze bleiwen“. Grad ëm dës Joreszäit wou ee n sech et beim Uewe bequeem mécht a matenaner potert. Dësen uewergärege Béier zeechent duerch eng agreabel fruchteg Kappnout aus, dat him säi frësche Charakter verléint. Et huet also „sëffeg“ Attributer, wat heesche soll, mat engem Sixpack eleng kéint et sinn, datt dat een zäiteg an d‘Eidel gräift…

Wien dann elo dëse gellege Pleséier am Béier-Adventskalenner entdeckt, sollt wëssen, datt hien sech an engem Glas vum Typ „Flüte“ oder „Blumm“ am wuelste fillt. Seng Schaumkroun ass kräfteg a cremeg zugläich. De Korpus dogéint liicht a brouteg am Ofgang. Idealerweis zerwéiert een de Sputt-Nick bei 6°C. Dëse Béier ass dann och nach e Frënd vun der gudder Kichen.

E passt zu villem, woubäi e sech als Begleedung zu engem heemesche Fëschplat – esou eisen Avis – beschtens eegent. Ob bei enger Forell oder engem Hiecht, de Sputt-Nick suergt fir de gewënschte „Plus“. Hie gëtt dann och gläichermoosse vun den Damme wéi den Hären appreciéiert. Natierlech gëllt och beim Sputt-Nick, wie mat mooss drénkt, genéisst méi laang. Dat gesot, pass op iech op.

Dernières nouvelles