Kitshickers & The Majestic Unicorns from Hell an der Kulturfabrik

49.5041° N, 5.9879°

Et ass ëmmer iergerlech, wann ee Concert ofgesot oder verréckelt gëtt. Fans vu Kitshickers & The Majestic Unicorns from Hell kënnen elo vu Freed an d‘Loft sprangen.

De Concert dee fir de 14. November geplangt war an op de 4. Dezember 2021 verluecht gouf, fënnt elo wéinst Produktiounsaschränkungen een Dag éischter statt. Domat muss den 3. Dezember rout am Kalenner markéiert ginn. D‘Dieren vun dëser haarder Soirée, déi ënnert anerem 2 Batterien a 5 Gittare vereent, ginn um 19:30 Auer op. Eng Stonn drop geet dat musikalescht Event un a léisst sou munche Bass duerch de Kierper stréimen.

Dës weideren ass dësen Owend déi perfekte Geleeënheet, hiren Opus 49.5041° N, 5.9879° an zwee Videoclippen virzestellen.

Weider Informatiounen esou wéi d’Ticketen fannt Dir hei.

Dernières nouvelles