Kampf géint Stereotyppen an Diskriminatioun: Den LTPES engagéiert sech

Fir den 100. Jubiläum vum universelle Walrecht ze wierdegen huet de Ministère fir d‘Gläichstellung tëscht Fraen a Männer (MEGA) zwou Wanderausstellungen zu dësem essentielle Fortschrëtt lancéiert. Eng dovunner wäert den LTPES elo dauerhaft bei sech installéieren a soumat och permanent fir d‘Schüler a Studenten zougänglech maachen.

Et war e Mëttel, fir de Kontakt mat Grondschoulen, Lycéeën an Maisons Relaisen ze stäerken an esou direkt d‘Kanner a Jugendlecher ze sensibiliséieren. Ab Abrëll 2019 huet d‘Ekipp vum MEGA esou iwwer 30 Institutioune besicht a méi wéi 70 Atelieren organiséiert. Ëm 2.500 Schüler hu vun dëser Offer profitéiert.

Ma, an dësem Kader huet d‘Ministesch Taina Bofferding gëschter eng vun dësen Expoen dem Lycée fir edukativ a sozial Professiounen (LTPES) vermaach. An dëser Institutioun wäert d‘Ausstellung an ugepasster Form permanent present sinn.

D‘Schüler ginn an dësem Kader animéiert och selwer entspriechend Atelieren ze organiséieren, bei deem géint Stereotyppen an Diskriminatioun ugekämpft gëtt. Doduerch soll eng zousätzlech Dimensioun vun der Gläichstellung vun de Geschlechter entstoen.

Dernières nouvelles