Julie Conrad Design Studio: Elo als Pop-Up Store an der Stad Lëtzebuerg

Reegelméisseg sicht d’Stad Lëtzebuerg no professionelle Persounen, déi duerch e Pop-Up Store eigentlech eidel Raimlechkeeten zu neiem Liewen erwächen. Gëschter war et un enger jonker Lëtzebuerger Designerin säi Julie Conrad Design Studio anzeweien.

Nach bis den 31. August 2022 ginn hei multifunktionell an eenzegaarteg Ariichtungs- an Dekogéigestänn ugebueden, sou wéi Accessoiren déi net nëmmen e speziellen Design hunn mee och nach am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft sinn. Dobäi ginn Handwierk an déi industriell Produktioun mat der noutwenneger Kreativitéit verbonnen.

Ze fannen ass de Studio op der Adress 3, rue des Capucins an der Stad Lëtzebuerg. Weider Informatiounen dozou ginn et op jcds.lu.

Dernières nouvelles