Impfflicht fir d‘Germanen

Schonn an den nächsten Deeg, soll sech de Bundestag zu Berlin mat der „Impfflicht“ fir gewësse Beruffer befaassen. D‘Zuel vun den Neiinfektioune bleift weider immens héich an esouguer déi gefaarte Covid19-Variant „Omikron“ schéngt tatsächlech den Delta-Variant ofzeléisen. D‘Politik geet vun engem dramatesche Wanter aus.

Iwwerzeegen huet net gewierkt, firwat eis däitsch Noperen et den Éisträicher wëllen nomaachen an d‘Impfflicht fir jidderee mëttels Gesetz aféiere wëllen. Esouguer déi „nei Oppositioun“ huet schonn duerchblécke gelooss, datt dat och hire Wonsch wier. Firwat si et selwer net agefouert hunn, erkläert sech zwar net, mee dofir sinn se jo elo och an der Oppositioun. Et wëll een awer an Etappe virgoen.

Als éischt soll ee Gesetz ugeholl ginn, dat sech op d‘Fleege- a Gesondheetsberuffer konzentréiert. Dofir sinn en Dënschdeg an ee Freideg Sonnersëtzunge geplangt, heescht et zumindest aus de Kreesser vun der „Ampel-Koalitioun“. Intressant an dësem Kontext, et waren déi Liberal (FDP), wou déi gréisste Bedenke géintiwwer der Impfflicht haten. De Maart reegelt jo bekanntlech alles.

Esou ergëtt et sech, datt elo och d‘FDP d‘Zilsetzung: 30 Milliounen Impfdosisse bis Chrëschtdag ze verofreechen, ënnerstëtzt, firwat dës politesch Ausso elo eng utopesch Realitéit gëtt. Méi allgemeng sinn déi liberal erfreet iwwert de ëmmer gréisseren Zousproch fir d‘Covid19-Impfung. Et riskéiert ee jo, bei dësen héijen Inzidenzen, musse gewëssen Aktivitéiten anzeschränken. Dat dierf net sinn.

U Pläng a Wënsch feelt et net

Aus der CDU/CSU-Fraktioun heescht et, datt een elo och misst iwwer Beschränkungen, fir all déi Vaccinéiert nodenken. Déi wiere jo weder Immun, nach géifen se d‘Iwwerdroe vum Virus kënne verhënneren. An de Schoule soll déi allgemeng Maskeflicht an d‘Tester ausgewäit ginn, an et wier wichteg méiglechst intensiv ze lëften. Elo ass et awer net, wéi wann et net scho Mesuren hätt.

Scho leschten Donneschdeg haten sech Bund a Länner fir Kontaktbeschränkunge fir Ongeimpfter ausgeschwat. Zudeem dierfen Ongeimpfter net méi Sport- a Kulturveranstaltungen deel huelen, et dierf een ouni den 2G och nëmmen nach Geschäfter betrieden, fir dat bluttnoutwennegst ze kafen. Et gëtt esouguer dovunner ofgeroden ze Reesen… De Lockdown awer schéngt ganz ausgeschloss.

Wann ee wuel kéint d‘Usiicht deelen, et hätt en iwwerparteileche Konsens, esou bezitt sech dat an éischter Linn dorobber, datt et nach ëmmer keng kloer Ausso huet, an et esouvill verpasste Chancen huet, datt et wuel net ubruecht ass, sech elo mat Virwërf ze iwwerheefen. An da sinn do och nach d‘Géigner, déi Fakelzich bei den Haiser vun de Gesondheetsminister organiséieren. Krass…

mat indymedia/ber

Dernières nouvelles