(Nach) keng Impf-Recommandatioun fir d‘Krapperten

Den héije Rot fir Infektiounskrankheeten (CSMI) besteet zu 100% aus ausgewisenen Experten, an déi schéngen elo eng eppes differenzéiert Approche zur Impfung vun de 5. bis 11 järege Kanner ze hunn. Dat läit wuel eppes am Widdersproch zu deem wat sech soss an der Welt esou deet, an stellt d‘Kredibilitéit vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) op d‘Prouf.

Gutt et ass richteg, datt sech d‘EMA bei hire „Recommandatiounen“ un d‘Etüden halen, déi hinne vun der Pharmaindustrie virgeluecht ginn. Et ass allerdéngs och net esou, wéi wann den héije Rot fir Infektiounskrankheeten unhand aneren Ënnerlage géifen hiren Avis schmidden. An et dierf net ënnerschloe ginn, datt den CSMI an éischter Linn ee wëssenschaftlech-politescht Instrument ass.

Hir Decisiounen an Avise ginn entspriechend der aktueller politescher Ausgangslag ausgeriicht, wat jo wuel vu loyale politesche sollt dierfen erwaart ginn. Et ass zudeem och net esou, datt den CSMI d‘Krapperten a Knetzele vun der Impfung wëll ausschléissen. Si soll just net generaliséiert virgeholl ginn. Nëmme Kanner déi „Komplikatioune wéinst Virerkrankunge“riskéiere sollte geimpft ginn.

Da sollen nach all déi Kanner, wou a Menage liewen an deenen et vulnerabel an/oder Mënsche mat letalem Risk huet, geimpft ginn. Weider „Ausname“ ginn explizitt net ausgeschloss. Wat dann elo déi Kanner ugeet, wou eligibel vir eng Impfung sinn, esou sollen dës – den Ament emol – exklusiv de „Corminaty“ vu Pfizer/Biontech (an den USA an Israel erprouft) a passender Doséierung kréien.

Fir déi wou „dierfen“ (hei ass nach net ersiichtlech wéi sech dat Ganzt mam Choix vun der Politik soll an Aklang brénge loossen), soll et am Ofstand vu véier Wochen déi zwou Dosisse ginn. An nee, d‘Kanner sollen net consultéiert ginn. An et gëtt jo keng generell Recommandatioun zur Impfung vun de 5 bis 11 järegen. De Grond dofir läit awer bei geneeëm hikucke ganz anzwousch anescht.

Alles ass politesch

Datt den héije Rot fir Infektiounskrankheeten hei feststellt: „Eng generell Impfung vun de 5 bis 11 järegen ass zur Stonn net dréngend noutwenneg, well d‘Duerchimpfung vun den Erwuessenen nach déi absolutt Prioritéit muss sinn, fir d‘Zuel vun de Stierffäll ze reduzéieren“, mécht allerdéngs och ersiichtlech, dat hir Decisioun kloer politesch, net awer un der sanitärer Situatioun ausgeriicht sinn.

Ass net schlëmm, d‘Leit hu jo „politesch“ a medial beim Covid19 längst agehaangen. Si kënnen also ganz de Wënsch vun der Politik entspriechen. De CSMI notéiert zudeem, datt sech déi puer Kanner wou dem Covid19 erleeë sinn, sech kaum op déi Gesamtstierflechkeet zu Lëtzebuerg géif auswierken. An dann heescht et nach bal bäileefeg, datt een op weider Donnéeë géif waarden.

Et gëtt jo de Verdacht – seet den héije Rot fir Infektiounskrankheeten – datt et Niewewierkungen huet. Esou eng méiglech Häerzmuskelentzündung… De CSMI waart also elo drop, datt déi bei Pfizer/Biontech elo entspriechend Date virleeën. Richteg wier awer, datt d‘impfe vun de Kanner, esouwuel en direkte wéi en indirekten Notzen huet. Gemengt ass d‘Liewensqualitéit fir d‘Butzen.

Dernières nouvelles