Eréischt de 4. Januar gouf S.A.R. de Groussherzog Henri positiv op Covid-19 getest. Elo hunn och bei S.A.R. dem Ierfgroussherzog Guillaume e Schnelltest, sou wéi e PCR-Test ugeschloen.
Nom positive Schnelltest huet den Ierfgroussherzog sech selwer isoléiert. Elo wäert hie fir déi nächst puer Deeg an der Isolatioun bleiwe mussen. Aktuell weist hie keng Symptomer op.