Éisträich huet elo de Gesetzprojet zur Impfflicht virleien

Wien sech am Alpeland weiderhin der Impfung géint de Covid19 verweigert sollt sech dat finanziell leeschte kënnen

An der Alperepublik gouf sech bekanntlech derzou duerchgerongen, wëll dem Mënsch schlicht net mat Vernonft a Fakte bäizekommen ass, d‘Covid19-Vaccinatioun per Gesetz duerchzesetzen. Elo huet d‘Regierung gëschter zu Wien hire Gesetzprojet presentéiert. Kann dëst Impfgesetz eng gutt Virlag vir Lëtzebuerg sinn, oder waarde mir op d‘Virlag aus Berlin?

Wat kréien d‘Éisträicher elo vum Gesetz, dat ab 1. Februar 2022 soll rechtskräfteg sinn, operluecht? Déi gutt Noriicht: et gëtt keen ugestréckt an zwangsgeimpft. Déi schlecht: et gëtt Geldstrofe vu 600 bis 3600 Euro, ofhängeg dovunner ob ee sech mat engem verkierzte Verfaren zefridde gëtt, oder ee gewëllt en „uerdentlecht“ Verfaren ze duerchlafen. D‘Leit kënnen sech nom Portmonni riichten.

Alperepublik

Natierlech huet et Ausnamen: Kanner ënner 14 Joer, Schwanger Fraen, 180 Deeg fir därer déi hir Infektioun iwwerlieft hunn an als „geheelt“ gestempelt ginn a Mënsche mat engem Attest vum Dokter, solle vun der gesetzlecher Impfflicht ausgeholl ginn. Zudeem si Regierung an NEOS jo kreativ, an esou gëtt et dausend Weeër, wann dann d‘Strof virläit, sech aus der Affär ze zéien…

Gutt et gëtt nëmmen deen ee Wee iwwert d‘Covi19-Impfung, an d‘Verfassungsministesch Karoline Edtstadler (ÖVP) huet drop higewisen, datt sech Betraffener aus der Strof erausimpfe kënnen. Dat géif da vu Staat & Justiz als „tätige Reue“ berécksiichtegt ginn. De Gesondheetsminister Wolfgang Mückstein (die Grüne) bestätegt: „Wann en Impf-Nowäis virläit, gëtt d‘Verfaren agestallt“.

„Wat mutt dat mutt“

An der Alperepublik läit den Impftaux aktuell bei guttgemengten 68%, dat heescht datt mindestens eng Millioun Éisträicher sech der Impfung widdersetzen. Campagnen an Opklärung hunn näischt bewierkt, well och hei sinn d‘Käpp voller Fake-News, gudden a schlechte Ligen. D‘Schwuerbler a Verschwierungstheoretiker gi wéi bei eis, vu Populisten a Faschisten an hirem Kampf ënnerstëtzt.

Esou ass et verständlech, datt d‘Impfflicht – déi als Ultima ratio ze verstoen ass – ausser vun der FPÖ, vun allen am Parlament vertruedene Parteie gedroe gëtt. D‘Sozialisten (SPÖ) an déi neoliberal (NEOS) stellen sech wéi ee Mann hannert de Gesondheetsminister an d‘Gesetz zur Impfflicht. Dat nennt een da wuel ee kloert politescht Signal, an um Krautmaart sollt een do genee hikucken.

Alperepublik

Wéi soll dat elo ausgesinn an dësem Land mat enge néng Milliounen Awunner? All dräi Méint gëtt de Melderegëster mam Impfregëster ofgeglach. Unhand dësen Date ginn dann, ëmmer wann et soll ubruecht sinn, Verfaren a d‘Wee geleet. Et ass richteg, datt bei dëse Strofen, alt nees d‘Frënn vun héijer Politik a ganz besonnesch de Liberalen, sech „fräikafe“ kënnen, well si genuch Goss hunn.

Sozialverbänn, déi net géint d‘Gesetz per se sinn, hätten et virgezunn, d‘Strofen op de Portmonni vum Impfverweigerer auszeriichten. Mee d‘ÖVP huet weder gedanklech nach ideologesch eppes fir Mënsche mat klengem Akommes iwwreg. Déi ginn an Éisträich wéi och bei eis zu Lëtzebuerg als schlicht ze domm erkannt, a mat den Domme kann ee bekanntlech alles maachen…

mat indymedia/vie

Annex – Ministerialentwurf Gesetz (COVID-19-Impfpflichtgesetz)

Dernières nouvelles