Geldautomat gesprengt

Géint 2:45 Auer an der Nuecht, hunn onbekannten Täter ee Geldautomat gesprengt. Si hunn d’Suen matgeholl a sech mat engem Gefier duerch d’Bascht gemaach.

Passéiert ass dat Ganzt bei engem groussen Akafszenter zu Käerjeng, an der Avenue de Luxembourg. Duerch déi hefteg Sprengung sinn Deeler vum Automat duerch d’Géigend geschleidert ginn. Dës weidere koum et zu Feier, d’Pompjeeën hunn de Brand geläscht. Bei dësem Tëschefall gouf kee blesséiert. De Parquet gouf informéiert – d’Ermëttlungen ageleet.

An dësem Kader sicht d’Police no Zeien, déi eppes zu den Täter soe kënnen. De Fluchtwon war een wäissen Alfa Romeo Giulietta.

Déi Persoune kënne sech beim 113 vun der Police oder iwwer Email (spj.rgb@police.etat.lu) mellen.

Dernières nouvelles