Friemlännesch Hetzer stelle Versammlungsrecht op d‘Prouf

Datt d‘Virfäll vum Samschdeg d‘Politik an Oprou versat huet, dat war schonn um Sonndeg méi wéi däitlech eriwwerkomm. Datt déi verschidde Mouvementer vu geeschtleche Brandstëfter ugefouert ginn, gouf an der Chamber – mat Ausnam vun der ADR – och kloer zum Ausdrock bruecht. Esou „Elementer“ stellen net nëmmen de Rechtsstaat an d‘Demokratie a Fro, mee eis Fräiheeten…

De Premierminister, deen och gëschter op der Tribün an der Chamber d‘Recht op Meenungsfräiheet an d‘Manifestéiere nach emol mat aller Vehemenz verdeedegt huet, war selwer, zesumme mat der Familljeministesch Corinne Cahen, „doheem opgesicht“ ginn. Et goufe folgerichteg eppes ze vill där rouder Linnen iwwerschratt, an elo hunn dës „Leit“ eppes wéi en Erfolleg ze verzeechnen…

Well si d‘Bereetschaft der Gesellschaft ze schuede ganz oppen demonstréiert hunn, muss sech elo hei zu Lëtzebuerg „nei opgestallt“ ginn. D‘Demonstratioune musse méi „konkret“ encadréiert ginn. Wat een dorënner ze verstoen, huet wäert eis spéitstens den nächste Weekend, wou jo nees eng Rei Manifestatioune géint d‘Impfung an d‘Diktatur ugemellt sinn, ersiichtlech ginn. Mee geet dat duer?

Versammlungsrecht
© Chambre des Députés

Et dierf dann och net ënnerschloe ginn, datt et politesch Acteuren huet, deene méi um eegenen Ego geleeën ass, wéi un der sozialer Kohesioun. De „Law & Order“ Deputéierte Laurent Mosar (CSV) war sichtlech beméit dem Minister Henri Kox d‘Schold fir d‘Virfäll ze ginn an notéiert, datt eis Police vun de Faiten iwwerfuerdert war a versteet net firwat ee jonke Beamten en Charge war.

D‘ADR, op der Tribün vertrueden duerch den honorabelen Deputéierte Fernand Kartheiser, war beméit déi exzellent Aarbecht vun der Police ze luewen. Op hien sech elo och nieft en Aktivist aus Frankräich op d‘Trap vun der Chamber gestallt hätt, fir d‘Polizisten opzefuerderen, sech dësem minoritäre Mobb unzeschléissen. De Parteikolleeg Roy Reding, huet sech jo schonn emol geout…

Net nëmmen d‘Police nei Opstellen

Schonn um Virmëtteg an der zoustänneger Kommissioun, datt den Direkter vun der Police, Philippe Schrantz ageraumt, datt et Feeler bei der Aschätzung vun dëser „Manifestatioun“ hat. Anersäits soll net ënnerschloe ginn, datt zu Lëtzebuerg, zumindest d‘Residente bis heihinner éischter e friddleche Gebrauch vun hiren demokratesche Rechter (an enger Diktatur) gemaach hunn. Dat war emol…

Dank dem Asaz vu Verschwierungstheoretiker, Schwuerbeler an Mënschen, déi d‘Impfgéigner zu eegenen Zwecker instrumentaliséieren (allerdéngs selwer de kompletten Impfschema Opweises hunn) muss elo eis Demonstratiounsrecht op de Leescht geholl. Also net d‘Recht op de Protest, mee wéi een zukünfteg esou Manifestatioune muss encadréieren. An dat sollt d‘Demokrate beonrouegen.

Versammlungsrecht
© Chambre des Députés

Eis Kanner wäerten sech dann elo, wéi dat am Frankräich zanter Joerzéngten de Fall ass, mussen u Polizisten a voller Montur, mat Knëppelen a Schutzschëlter gewinnen, wa si fir de Klimawandel „streiken“ wann d‘Frae fir Rechter demonstréieren, an d‘Locataire fir hir Rechter op d‘Strooss ginn. A Schold huet net emol d‘Majoritéit vun de Leit, déi um Samschdeg „Liberté“ gebläert hunn.

Et hat Mënschen aus alle soziale Schichten, et ware Famillje mat Kanner komm fir, dem Appell vu radikale Virdenker ze follegen. An nee déi ruffen net implizitt zur Gewalt op, Domm sinn se net a Geld hunn se och, fir sech juristesch ofzesécheren. D‘Police an d‘Justiz hu kaum eppes, dat dëse Brandstëfter entgéintgesat ka ginn. An d‘Rabbelkäpp déi alles zu Onwee bréngen, checken näischt.

Wann een et versteet d‘Dommheet ze notzen

Si sinn et, déi elo – wann se dann ermëttelt kënne ginn – als Matleefer vu falschen Hënn wäerten d‘Justiz beméien. Un d‘Käpp kënnt ee kaum drun an de Roy Reding, deen aus Grënn President vun der Chambersreglement-Kommissioun ass, huet parlamentaresch Immunitéit. De gouf gëschter widderholl zum Récktrëtt opgefuerdert. Dat geet natierlech net, wou kéim een dann och do hin?

An iwwerhaapt, den ADR-Deputéierten, deen an de sozialen Netzwierker gemengt huet, den neie Covid19-Variant aus Südafrika matbréngen ze wëllen, perséinlech Date vun engem Journalist deelt, ass verkannte Pazifist. Hie steet fir d‘Fräiheet an d‘Matenaner, verdeedegt a respektéiert de Choix vun all Mënsch. Seng Aussoen an dëse „Gruppen“ wieren eenzeg de Beweis vun Empathie…

Versammlungsrecht
© Chambre des Députés

Eng Empathie fir all déi Mënschen, déi wéinst hirem Impfstatut vun der Gesellschaft stigmatiséiert an ausgeschloss géifen. Datt do Mënschen et woen de krätzege Lien zur Verfolgung vun de Judden ze zéien, selwer awer sengerzäit dem Éisträicher nogelaf wieren, oder wéi ee franséischen Aktivist, der Welt wëllen erklären, datt de „Petain“ sengerzäit d‘Judden am Frankräich beschützt/gerett hätt.

Interessant awer och, dat hei Journaliste mat net manner radikaliséierten Usiichten, sech dem Tross ugeschloss hunn. Dat ass ëm esou méi bedauerlech, wann een aus dem lénke politesche Spektrum kënnt. Et ass wichteg nach emol ganz däitlech drop hinzeweisen, datt wien de Brandstëfter noleeft an/oder Ënnerstëtzung gewäert, derzou bäidréit de Fonken zum grousse Feier entstoen ze loossen.

Dernières nouvelles