Fantautistique: Si briechen d’Stereotyppe musikalesch

„Autismus ass d’Haus, Asperger en Zëmmer um Fong. Wanns du ee vun eis kenns, kenns du just deen. Esou vill Persounen, esou vill Diversitéit“ heescht et am Lidd „Fantautistique“, dat geschriwwen a verëffentlecht gouf, fir Clichéen a Virurteeler géigeniwwer Autisten ze eliminéieren. D’Iddi dozou koum vum musikaleschen Talent George Philippart, dee mat 29 Joer d’Diagnos Asperger krut.

Net nëmmen den Text, mee och de Video gräift 7 ënnerschiddlech Mënschen (een ass net am Video) op, déi eis demonstréieren op wéi vill verschidden Aart a Weisen Autismus sech weisen (oder och net weisen) kann. Si hunn eng aner Perceptioun, gesinn et awer net nëmmen als Erausfuerderung mee och als Chance. A genee dofir ass et esou wichteg, datt si selwer erziele gelooss ginn.

Schonn am Oktober huet de George am Interview zu 12 Méint an 12 Geschichten erzielt, datt hien duerch d’Musek a seng Welt andauche kann, si hie beroueg a viru Reiziwwerflutung schützt. Gutt 2 Joer ass et hir, datt hie vun der Fondation Autisme Luxembourg d’Diagnos Asperger krut. Ma, dat huet him gehollef seng Aarbecht als Museker unzepassen.

„Virun Optrëtter oder Interviewen informéieren ech, wann néideg, iwwert mäin Autismus an zesumme mat den Organisateuren oder de Journaliste probéiere mir dann op meng spezifesch Bedierfnesser Récksiicht ze huelen“, erkläert de George.

Fantautistique
De George Philippart © Shari Pleimelding / moien.lu

Zesumme mam Joël Gangolf huet „Fantautistique“ Form ugeholl. A schliisslech konnt d’Wierk am Grupp mam Laurent Thiry, Joanne Theisen, Yanis Bouktir, Vauban Linster an Annie Zakharoff interpretéiert ginn. Ab elo héiert a gesäit een déi 7 Fantautisten, wéi si sech selwer nennen, am Video.

Fantautistique – Autistesch a fantastesch

Bei der Presentatioun um Freideg Owend am Ciné Utopia war och d’Brigitta Best, Presidentin vun der Asbl Voice, Art & Social, dobäi an huet betount, datt Autismus ëmmer anescht, awer net ëmmer siichtbar ass. Domat klëmmt oft de Leidensdrock. Elo ass et un eis Botschafter ze ginn: D’Lidd soll esou vill wéi méiglech gedeelt, gespäichert, an anere Leit gewise ginn, esou datt déi grouss Ëffentlechkeet sensibiliséiert gëtt. Vläicht fënnt den een oder anere sech och selwer am Wierk erëm.

Fantautistique
D’Brigitta Best, Presidentin vun der Asbl Voice, Art and Social © Shari Pleimelding / moien.lu

„Mir si wéinst der Pandemie entstanen“, sou d’Brigitta Best virun. An enger Zäit wou et u Kultur a soziale Projete gefeelt huet, wollt d’Ekipp vu „ Voice, Art and Social“ d’Konscht an d’Artisten dohannert fërderen. Esou gouf ënnert anerem schonn am Februar e Lidd lancéiert, am Abrëll en Online-Concert organiséiert an elo „Fantautistique“ realiséiert. Och an Zukunft wäert d’Associatioun d’Fantautisten ënnerstëtzen.

Uschléissend war et um Corinne Cahen, Familljen- an Integratiounsministesch, fir d’FAL fir hir formidabel Aarbecht ze luewen. Zousätzlech huet si op d’Assistance à l’inclusion dans l’emploi opmierksam gemaach, déi hëlleft Versteesdemech op der Aarbecht ze schafen, wéi och op dat neit Gesetz fir méi Accessibilitéit, wou beispillsweis Schëlter vereinfacht oder méi oft „liicht Sprooch“ ugebuede soll ginn.

Fantautistique
© Shari Pleimelding / moien.lu

An der ofschléissender Gespréichsronn hunn de Claude Zeimes, Kompositeur vun der Musek an de Filipe Silva, Kreateur vum Video, nach erzielt, datt och si Ufanks verschidde Virurteeler am Kapp haten, déi awer schnell opgeraumt goufen. Et huet een einfach misse léieren, wéi ee mateneen ëmgeet, wat am Endeffekt zu enger super Zesummenaarbecht gefouert huet.

Ma, d’Loscht op méi ass wuel bei jidderengem geklommen. A wéi de George ofschléissend erzielt huet, wäert de Grupp an Zukunft natierlech bestoe bleiwen a vläicht nach dat eent oder anert Wierk kreéieren.

Dernières nouvelles