Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass 

Bei hirer Rees duerch d’USA sinn de Franz Mack a säi Fils Roland op d’Iddi komm een eegene Fräizäitpark opzebauen, esou datt all Altersklassen sech amuséiere kënnen. Bis zur Realisatioun vum spéideren Europa-Park am Joer 1975 sollt et awer 3 Joer daueren.

Bis den Europa-Park gestanen huet, war et ee laange Wee. Ugefaangen huet alles mat der Sich no enger gëeegenter Plaz. Heibäi huet ee sech och ausserhalb vun de Grenzen ëmgekuckt, wat fir dës Zäit éischter onüblech war. Zu Breisach, direkt un der däitsch-franséicher Grenz, huet d’Mack-Famill déi ideal Plaz fir hire Park fonnt, an dat direkt beim Europa-Séi. D’Virbereedungen si schonn op Héichtoure gelaf, déi meescht Autorisatiounen hat een zesummen, an awer ass de Projet am leschte Moment gescheitert.

D’Waasser- a Schëffsfaartverwaltung hat nämlech aner Pläng mam Terrain. Vun dësem Réckschlag huet sech d’Famill awer net ënnerkréie gelooss, an esou hu si vu Breisach een entscheedenden Deel behalen: Vun der Stad, déi 1950 als éischt europäesch Stad eng Prouweofstëmmung vun der Europa-Unioun Däitschland duerchgefouert huet an zënterhier och der europäescher Iddi verschriwwen ass, huet een nämlech den Numm „Europa-Park“ behalen.

Elo awer!

Nodeems dëse ganze Misär och op engem Terrain an der Géigend vun Neuenburg geschitt ass, huet ee schliisslech zu Rust eng Fläch mat engem ale Schlasspark fonnt, déi der Gemeng gehéiert. Vun Ufank un huet dat klengt Fëscherduerf de Projet ënnerstëtzt a matgeplangt. Nodeems een och den ugrenzende Märchenpark kaaft hat, an esou eng total Fläch vu 16 Hektar zur Verfügung, sou wéi och all d’Autorisatiounen hat, konnt endlech mam Bau ugefaange ginn.

Mat der Hëllef vu senge Kanner léisst de Franz Mack eng ideal Kombinatioun aus Park, Ënnerhalung, Kultur an Spiller entstoen. Zur Erëffnung um 12. Juli 1975 konnt een de Visiteuren ënnert anerem eng Panorama-Eisebunn mat 5 Ween, den Eurodrom, eng finnesch Flossfart, eng Mäerchenbunn, Déieren, sou wéi Iess- a Gedrénksstänn ubidden.

Am Ganzen hat ee bis zu dësem essentielle Punkt 75.000 Tonne Buedem beweegt, 5.000 Tonne Beton a 6.000 Tonne Goudron verschafft, 10.000 Meter Kabele geluecht a souguer eng eege Kläranlag fir déi 30 Toiletten opgemaach. Zu gudder Lescht huet een op 3,7 Kilometer befestegt Weeër entstoe gelooss, wouvun 2/3 asphaltéiert waren.

Dat gëtt dach souwisou näischt – oder dach?

Bei der Erëffnung hätt wuel kee vun der ganzer Mack-Famill mat esou vill Erfolleg gerechent. D’Medien hu mat Schlagzeilen, wéi „De Pleitegeier schwieft iwwer Rust“ oder „Wat passéiert mat der Fräizäitruin am badesche Fëscherduerf“ vun Ufank un de ganze Projet mat Skepsis observéiert. Allerdéngs sinn an den éischte Méint 250.000 Visiteure gezielt ginn. Ee knappt Joer drop hunn 700.000 Leit hire Wee op Rust fonnt an 1978 hat de Park schonn seng éischt Millioun gepackt.

Zemools mam Ausbau vun europäeschen Themenberäicher (Italien, Holland, England, Frankräich, Skandinavien, Spuenien an Däitschland) konnt de Publikum begeeschtert ginn. Mam Ofkommes vu Schengen (1985) verschwannen net nëmmen déi geografesch Grenzen, mee d’Unioun gëtt direkt ganz nei am Park geuerdent.

Mëttlerweil suergen iwwer 3.600 Mataarbechter – dorënner 102 Stagiairen – fir den super Oflaf wärend der Saison. Nach ëmmer freeën sech all Joer dausende Visiteuren, een oder och e puer Deeg am Europa-Park ze verbréngen!

Dernières nouvelles