En Debat mat wéineg Pepp

An der Chamber gouf sech gëschter mat Kritik zeréckgehalen, woubäi d‘CSV schonn eng ganz eege Positioun vertrueden huet

Nodeems um Dënschdeg den Ausseminister Jean Asselborn der Chamber eng Iwwersiicht iwwer d‘Aussepolitik vu Lëtzebuerg an der Unioun presentéiert hat, war et gëschter un den Deputéierten hiren Avis Ze verkënnen. D‘Ouverture vum Debat huet d‘CSV gemaach. Wa mir kaum gréisser aussepolitesch Problemer hunn – ausser déi wou mir eis mat der EU deelen – esou hat et schonn eng Rei Kritikpunkten, an de den CSV-Deputéierte Claude Wiseler hat dann och enge Rei Doleancen.

Bannent der gréisster Oppositiounspartei gëtt bedauert, datt et trotz engem engagéierte Minister un enger novollzéibarer Linn feelt an déi Deputéiert am Däischtere gelooss géifen, wéi eng Ziler vun der Regierung verfollegt géifen. Et wier awer eigentlech dem Minister seng Roll de Wee vun der Aussepolitik fir ze ginn, an den Ausseministère sollt déi verschidden Ausriichtunge koordinéieren.

Wann een dem Claude Wiseler gutt nolauschtert, da riicht sech seng Kritik net direkt géint de Jean Asselborn. Villméi gëtt bedauert, datt den Ausseminister net ëmmer déi Stäip bannent dem Kabinet erfiert, déi sengem Mandat geschëlt wieren. Méi kritesch dann den Ëmgang mat der europäescher Aussepolitik, déi jo och massiivst ënnert de kloer divergente Positioune vun de Länner ze leiden huet. An domadder huet de Claude Wiseler den nofollegende Riedner eng gutt Virlag gebueden…

Esou war de Stengeforter Cyclist aus dem Renne geholl ginn, an et huet vill Kritik un der EU ginn, déi jo aussepolitesch vum Josep Borell Fontelles vertruede gëtt. Woubäi „vertrueden“ ass ee grousst Wuert. Vergiesse mir och net drun ze erënneren, datt d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel, sech och net besser positionéiere konnten.

Wärend d‘ADR sech alt nees fir méi national Kompetenzen agesat huet, hunn déi lénk Opklärung bedriwwen. D‘Nathalie Oberweis stellt fest datt déi Europäesch Unioun an kengem gudden Zoustand ass, well et am Endeffekt bei der Aussepolitik just ëm d‘Duerchsetze vun den eegenen Interesse geet. Déi inexistent Migratiouns- an Asylpolitik vun der Unioun, huet sech am Debakel um Hindukush ervirgedoen an der Welt virun Ae gefouert, datt een dat mat de Wäerter eescht hëlt.

Säitens der DP gouf de Mëssel mat de Pushbacks ervirgehuewen an d‘Sozialiste weisen drop hin, datt et net Zilféierend ass Grenzen zouzemaachen. Bei den déi Gréng fuerdert ee méi Solidaritéit. De Sven Clement vun de Piraten huet sech dofir Staark gemaach, datt Memberlänner déi sech der Rechtsstaatlechkeet verwiere kee Goss aus dem Finanz-Dëppe vun der Unioun iwwerwise kréien.

Illustratioun: © Chamber des Députés

Dernières nouvelles